Radioen

On air

Notturno  |  Sun Glitters - Too Much To Lose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flüchtlingen aus der Ukrain am Grand Hotel zu Iechternach

130 Ukrainer

Flüchtlingen aus der Ukrain am Grand Hotel zu Iechternach

Eng 130 Flüchtlingen aus der Ukrain koumen zanter dem Krich am Grand Hotel zu Iechternach ënner a probéieren sech hei en neit, wann och nëmme provisorescht, Liewen opzebauen. Wéi gesäit den Alldag am Grand Hotel fir ukrainesch Famillen aus, a wéi eng Efforte ginn zu Iechternach gemaach, fir hinne bei hirem Neistart ze hëllefen?

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


An der Entrée vum fréiere Grand Hotel stinn elo Vëloen, Trottinetten a Spillsaachen. Am Gebai selwer hänke Schëlder a russescher an ukrainescher Sprooch. D'Gebai dat schonn e gutt Joer eidel steet, huet sech zanter dem 11. Abrëll an en neit Doheem fir ukrainesch Famille verwandelt erkläert den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler:

"Verschidde Miwwel hu misse ganz séier erabruecht ginn, dat war sou an een, zwee Deeg, mat Hëllef vum CGDIS a mat der Arméi haten se dunn den Hotel eben esou gemaach, datt et méiglech ass fir eben déi Flüchtlingen opzehuelen."

Wann d'Flüchtlingen da bis opgeholl sinn, stellen sech eng ganz Rei weider Froen. Wéini a wou kënnen d'Kanner an d'Schoul, wéi ass et mat Aarbechtsplazen, a wéi kann een d'Flüchtlinge beschtméiglech an d'Gesellschaft mat abannen. D'Sylvie Letall vum Roude Kräiz, déi sech em d'Struktur zu Iechternach këmmert, seet:

"Do si psychologesch Besoinen, an an der éischter Instanz ass d'Prioritéit, datt d'Leit eng Aarbecht fannen, datt Kanner a Maison relaisen oder Crèchen ënnerkommen. Dat ass dat, wat mir alldeeglech maachen, fir d'Leit ze ënnerstëtzen an der Prise en charge an am Accompagnement."

Ukrainesch Schüler kréiche sech gutt integréiert

Ënner den 130 Ukrainer am Grand Hotel sinn och eng 50 Kanner a Jugendlecher. Dovunner ginn der e puer an déi regulär Klassen, de Gros geet awer op Jonglënster an d'Ecole internationale, esou de President vum Iechternacher Schoulcomité Gérard Bisenius. D'Schüler kréichen sech gutt integréiert a fir d'Léierpersonal wier den Accueil vu Schüler aus anere Länner och keng nei Situatioun:

"Iwwer d'Joer, an normalen Zäiten, kréie mir eng 10 bis 15 Kanner, déi ganz frësch aus Portugal, oder aus all méigleche Géigende vun der Welt kommen, déi also nach keng Sprooch schwätzen an eist Personal ass wierklech gewinnt mat esou enger Situatioun ëmzegoen. Si hunn och gesot mir gi lo hei net op de Krich a mir empfänken déi Kanner wéi wann se lo einfach ganz normal bei eis an d 'Schoul kommen an dat ass bis elo ganz positiv esou gelaf."

A wärend d'Kanner an d'Schoul ginn, sti bei den Eltere Rendezvouse mat der Adem, mam ONA, a Sproochecoursen um Programm. D'Natalia Honcharik, déi zu Kiew fir de Ministère fir Wëssenschaft a Bildung geschafft huet, wëll esou séier wéi méiglech eng Aarbecht hei fannen.

Bis ewell konnt si nach net schaffe goen, well hir nach Dokumenter gefeelt hunn, dofir war si d'lescht Woch fir e puer Deeg zeréck an hir Heemecht. Et wier ee schwierege Wee gewiescht, seet si. Um leschten Dag vun hirem Openthalt, de 5. Juni, wiere Moies fënnef Bomme gewiescht.

Si kéint am Moment net soen ob si nom Krich nach eng Kéier wéilt zeréck an d'Ukrain - wann hiert Haus dann iwwerhaapt nach géing stoen. Wann et hirem Jong no géing goen, da géingen se hei bleiwen, d'Schoul zu Lëtzebuerg géing him nämlech besser gefale wéi doheem, esou nach d'Natalia Honcharik.