Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lumi - Cold Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flüchtlingen zu Chios: Keen Noutstand?

Keng direkt EU-Fonge méi

Flüchtlingen zu Chios: Keen Noutstand?


p.p1 {margin: 0.0px 0.0px 0.0px 0.0px; text-align: justify; font: 11.0px Helvetica; -webkit-text-stroke: #000000; min-height: 13.0px}
p.p2 {margin: 0.0px 0.0px 0.0px 0.0px; text-align: justify; font: 11.0px Helvetica; -webkit-text-stroke: #000000}
span.s1 {font-kerning: none}

Op de griicheschen Inselen hänken den Ament ëm 14.000 Flüchtlinge fest. Trotz de schlëmme Liewenskonditiounen an de sougenannten Hotspots kréien d'ONGe vun August u keen direkten Zougang zu EU-Finanzementer méi. D'Gelder ginn a Zukunft vun Athen geréiert an verdeelt. Kleng Benevolsorganisatiounen zu Chios fäerten e Vakuum.

auto_stories

4 min

D'Insel Chios, am Oste vu Griicheland, ass nëmme siwe Kilometer vun der tierkescher Küst ewech. Op dëser Plaz um Bord vun Europa ass d'Flüchtlingskris, déi 2015 ugaangen ass, nach laang net eriwwer. Nieft de knapp 55.000 Awunner sinn 3.000 Flüchtlingen op der Insel. Si sinn op zwee iwwerfëllte Campe verdeelt.

Déi meescht sinn no Mäerz 2016 a Griicheland ukomm, nom Accord tëscht der Europäescher Unioun an der Tierkei. Si musse méi streng an och dacks méi lues Asylprozeduren duerchgoen, wéi déi 60.000 aner Flüchtlingen um griichesche Festland, déi virum Accord ukomm sinn.

Selbstmordgedanken ënnert de Flüchtlingen

De Rashid ass 22 Joer al an hänkt zënter fënnef Méint op der Insel fest. Wéi hien ukomm ass, war hie frou,fir säi Liewen an Europa opzebauen. "Mä meng Demande ass refuséiert ginn. Ech hu versicht, mech mat engem Messer ëmzebréngen."

Hien ass ee vu ville Syrer, déi d'Gefill hunn, hoffnungslos am Krees ze dréinen. Ëmmer méi dacks ginn depressiv Zoustänn oder Selbstmordgedanken ënnert de Flüchtlinge gemellt. Dem Rashid seng Asyldemande gouf eng éischte Kéier refuséiert. Hien huet doropshin Appell gemaach a waart elo op eng Decisioun.

Der Hëllefsorganisatioun vun de Vereenten Natiounen, dem UNHCR no, si kaum Decisiounen am zweeten Appell vun der griichescher Justiz getraff ginn. Och, well et politesch schwiereg ass, Flüchtlingen aus Syrien zréck an d'Tierkei ze deportéieren. Esou géife vill Mënschen einfach op den Inselen hänke bleiwen.

An de leschte Woche wieren d'Zuele vun den Arrivéeë liicht an d'Luucht gaangen an et géifen net méi sou vill Departen a Richtung Festland ginn. "Dat huet dozou gefouert, datt d'Campen erëm iwwerfëllt sinn, haaptsächlech zu Chios, Lesvos an Samos, wou d'Konditiounen erëm méi schlecht ginn", sou de Boris Cheshikov vum UNHCR Griicheland. Sollte méi Mënschen an den nächste Wochen ukommen, géif déi humanitär Kris erëm ganz akut ginn.

Griichesch Insele keen Noutstand

Vun August u gëtt d'Situatioun op de griicheschen Inselen awer net méi als Noutstand vun der EU kategoriséiert. Dëst huet enorm Konsequenzen op d'Aarbecht vun den ONGen op der Plaz, wou bis ewell d'Hëllefsorganisatiounen direkt vun der EU finanzéiert konnte ginn. Dat wäert vun August un net méi méiglech sinn, well all d'Fongen zu Athen geréiert ginn. D'Selektioun an d'Finanzéierung vun humanitäre Projeten geschitt vun den Inselen.

E Spriecher vun der EU-Kommissioun seet, d'EU-Subventioune géifen a Griicheland net ophalen. D'Quell vun der Gestioun vun dëse Fonge géif sech änneren. De Support-Mechanismus fir Urgencë géif op den Inselen agestallt ginn. Et géif net heeschen, datt d'ONGen net méi géifen ënnerstëtzt ginn. Et wier un Athen, dat ze decidéieren.

Vill grouss ONGen hunn elo ugekënnegt, datt eng Rei Hëllefsmesüren op den Inselen einfach gestrach ginn. Zum Beispill wäert den UNHCR keng EU-Fonge méi fir d'Verbesserung vun den Infrastrukturen an den Hotspots zur Verfügung gestallt kréien.

Op Chios sinn och vill kleng Hëllefsorganisatiounen aktiv, déi net vun EU-Fongen ofhänken, mä vu privaten Donatiounen. D'Toula Pothiti ass d'Coordinatrice vu CESRT, enger lokaler Organisatioun déi eigentlech op éischt Hëllef spezialiséiert war, mä elo vill méi divers Besoine vun de Flüchtlingen decke muss. Si fäert de Vakuum, deen dëse Changement an den EU-Finanzéierunge schafe wäert. Si stellt sech d'Fro, wat CESRT elo maache kéint. Si géife scho Responsabilitéite vun de groussen ONGen iwwerhuelen an den Drock géif elo nach méi grouss ginn.

Waardezäite bis 2022

Ob sech no enger Adaptatiounsphas d'Situatioun erëm stabiliséiere wäert, bléift onkloer. Et hänkt gréisstendeels dovunner of, wéineg Projeten déi griichesch Autoritéite weiderhi subventionéiere wëllen, an ob och déi kleng Organisatiounen ënnerstëtzt ginn. "Mir haten op der Insel eng Organisatioun, déi 1.200 Moolzechten den Dag gemaach huet an déi wahrscheinlech zréckkomme wäert. D'Gemeng huet gesot et géife weder Subventiounen nach Lokalitéite ginn. Ech denken, datt d'Organisatioun eng Léisung fanne wäert, mä huet d'Gemeng och déi néideg Suen?", sou déi Schwäizer Benevole Mary Wenker.

Fir Flüchtlingen ass dëst och e Signal, datt d'Inselen a Griicheland keng sécher Destinatioun méi sinn. Dem EU-Tierkei-Ofkomme no solle Flüchtlinge jo vun der Tierkei aus hir Asyl-Ufro areechen an och do op hiren Interview mam UNHCR waarden. Fir vill Mënschen op der Flucht bedeit dat awer net vill méi, wéi eng zouen Dier, well d'Waardezäiten zu Ankara bis 2022 ginn.