Flüchtlingspolitik "Op kee Fall..."

Den LSAP-Ausseminister Jean Asselborn distanzéiert sech vu sengem Parteikolleg Nicolas Schmit. Den Aarbechtsminister sot an engem Interview am Lëtzebuerger Wort, datt Asyldemandë baussent der EU missten traitéiert ginn.

Pia Oppel

Jean Asselborn
(Archiv-Foto)

An engem Interview den 19. Januar am Lëtzebuerger Wort hat den Aarbechtsminister Nicolas Schmit sech fir eng Nei-Ausriichtung vun der europäescher Flüchtlingspolitik ausgeschwat. Asyldemandë misst ee schonn traitéieren, éier déi concernéiert Mënschen an d’EU kommen.

Meenungsverschiddenheet

An der Asylfro hätt hie mëttlerweil eng gewëss Sympathie fir d’Propose vun der Éisträicher Regierung, esou den Nicolas Schmit. Dorobber ugeschwat, datt de Jean Asselborn dat anescht gesäit, äntwert den Nicolas Schmit, hie wéisst dat, mee hien hätt d'Recht op seng perséinlech Meenung.

Uganks Januar hat de Jean Asselborn dem Éisträicher Ausseminister Sebastian Kurz an engem Interview am "Spiegel" "rietsnationaalt Gedankegut" reprochéiert. De Sebastian Kurz hat proposéiert, fir "Flüchtlingen un den EU-Grenzen ze stoppen an an een anert séchert Gebitt baussent Europa" ze bréngen.

Am 100,7-Interview wëll de Jean Asselborn net am Detail op d'Meenungsverschiddenheete mam Nicolas Schmit agoen. Et géif "keng Polemik" ginn, esou den Ausseminister. Gläichzäiteg distanzéiert hie sech kloer vun den Aussoe vu sengem Parteikolleg.

Jean Asselborn

Distanzéierung vum ungaresche Premier

"Op kee Fall" dierft ee sech op eng Schinn beginn, wéi den ungaresche Premier Viktor Orban. Hie kéint sech net virstellen, datt sech hei am Land d'Parteien an der Regierung an och net déi an der Oppositioun, der Fuerderung kéinten uschléissen, datt d'Asyldemanden alleguer an "Hotspoten" baussent der EU missten agereecht ginn. Soulaang hien zu dëser Regierung gehéiert, géif dat net goen.

Dat wier eng Fuerderung, déi just Ungarn géif stellen, seet de Jean Asselborn a seet an engems: "Dat ass net Éisträich. Dat ass just ee Member vun der Regierung an Éisterräich, deen dat freet."

Wat méiglech ass, a wat net

Déi Lëtzebuerger Flüchtlingspolitik wier ëmmer opgebaut gewiecht op Mënschlechkeet, op d'europäesch Engagementer an op de Prinzip vum Gesetz: "Dat heescht, all Mënsch deen un eis Dier klappt, dee ka froen. Wann déi Prozedur ofgeschloss ass an et kritt een de Flüchtlingsstatutt, dann ass een e Bierger vu Lëtzebuerg. Wann een de Statut net kritt, da muss een eist Land verloossen.

"Fir Asyldemandë baussent der EU an Detentiounszentrumen ze traitéieren, wier iwwerdeems kloer vun der UNO refuséiert ginn, betount de Jean Asselborn.

"Ech weess och net, wéi ee sech dat géif virstellen, wéi verschiddener dat wëllen eng Insel lounen an do d'Leit alleguerten hipferschen. Oder datt mer dat iergendwéi dat maachen an Afrika oder am Noen Osten. Dat wier jo dann ee groussen Centre de Détention. Dat geet alles net."

Et kéint ee sech awer virstellen, an Zukunft op de Wee ze goen, fir eng legal "migration consulaire" ze kréien. Da kéinten zum Beispill all Joer 500.000 oder 300.000 d'Leit an Europa kommen.

Gläichzäiteg géif festgeluecht ginn, wéi vill Leit aus verschiddene Regioune vun der Welt dierfte kommen. An op der anerer Säit géif da fir all europäescht Land ee Quota fixéiert ginn, wéi vill Leit et misst ophuelen.

Dat géif konsularesch geregelt ginn, wat erlabe géif d'Schlaiser auszeschléissen an och d'Gefor reduzéieren, där d'Mënsche sech op hirer Rees an Europa aussetzen. Dat wier fir d'Zukunft méiglech.

Alternativen

Mëttelfristeg kéint een och weider versichen verschidden Aufgaben "z'externaliséieren". Den Accord tëscht der EU an der Tierkei géif zwar weisen, datt dat net "dat gielt vum Ee" wier.

Mee et géif funktionéieren, an esou Accorden kéint een och mat anere Länner maachen. Dat wichtegst Land wier Libyen, mee an deem Land géif den Ament "déi rengsten Anarchie" herrschen.

EU-Flüchtlingspolitik

"Ech weess, dat brauch kee mer ze soen, datt et immens grouss Problemer gëtt an der europäescher Approche zur Flüchtlingspolitik," sou de Jean Asselborn. Dat wier awer net wéinst Europa, der EU-Kommissioun oder dem Europaparlament. Mee "well et am Conseil Länner ginn, déi einfach net solidaresch an där Fro handelen."

D'nächst Woch wier op Malta nees ee Conseil vun den EU-Ministere fir Justiz an "Affaires intérieures" (JAI). Et misst ee sech "haart" asetzen, fir trotzdem zu engem Resultat an der Flüchtlingsfro ze kommen.

Manifestatioun géint Rietspopulismus

Zu Koblenz war haut een Treffe vun der rietser an europafeindlecher Fraktioun aus dem Europaparlament "Europa vun der Fräiheet a vun den Natiounen". Mat derbäi waren de Chef vun der hollännescher Fräiheetspartei Geert Wilders an d’Chefin vun der "Alternative für Deutschland" Frauke Petry. D’Chefin vum franséische Front National Marine Le Pen sot, si géif sech erwaarden, datt no Groussbritannien weider Länner d’EU verloossen.

Gläichzäiteg hunn zu Koblenz eng 5000 Mënsche géint Rietspopulismus an Europa manifestéiert. D'Ministerpräsidentin vu Rheinland-Pfalz Malu Dreyer huet d’Leit opgeruff, sech fir ee fräiheetlecht a friddlecht Europa anzesetzen. Bei der Manifestatioun derbäi war och de Lëtzebuerger Ausseminister. An enger kuerzer Usprooch huet hie gewarnt, datt een d’Geschicht vun Europa net dierft verkennen: "Well mir d'Tragik mat de Milliounen Doudegen am 20. Joerhonnert verstanen hunn", präziséiert de Jean Asselborn am 100,7-Interview.

Falsche Patriotismus wier Nationalismus an dee géif Mënsche séier zu Verblendung an zu Haas a Gewalt verleeden. Et wier wichteg fir een oppent a soziaalt Europa. Amplaz vun "zerknirschten" Alternativen, misst een eng oppen Astellung zu enger lieweger Demokratie hunn.

Jean Asselborn

Méi zum Thema

Boot zu Lesbos Dossier
Exodus

An dësem Dossier fannt Dir eis wichtegst Reportagen iwwert d'Flüchtlingskris.

20150926-Turmes-Cahen-Wies-Kartheiser-1000494.jpg

D'DP-Integratiounsministesch Cahen, den ADR-Deputéierte Kartheiser, de gréngen Europadeputéierten Turmes an den Affekot Wies hunn

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen