arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flüchtlingsstrukturen: Visitte bis haut net erlaabt

Gesellschaft

|
reading time

2 min

Flüchtlingsstrukturen: Visitte bis haut net erlaabt

An de Flüchtlingsstrukture si Visitte bis haut nach ëmmer net erlaabt. Dat zënter dem Ufank vun der Coronakris. Grond wier, dem Office National de l'Acceuil no, fir d'Leit vun eventuelle Coronavirusinfektiounen ze schützen. D'Foyere wieren net ageriicht fir Visiteuren z'empfänken.

reading time

2 min

play_arrow De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschteren

D'Liichtfankegkeet wier am Foyer méi héich wéi op anere Plazen an dofir wier de Risiko méi grouss, erkläert de Jérémie Langen vun der Caritas. Net all Foyer hätt en Openthaltsraum an d'Zëmmeren an deenen dacks méi wéi zwou Persounen zesumme wunnen wieren ze kleng. "All Foyer huet eng Piece fir Visiteuren z'empfänken mee mir kennen net garantéieren datt déi néideg Distanz agehale gëtt", sou de Jérémie Langen. D'Residente kéinten d'Leit awer baussent dem Foyer empfänken.

Eng Reegel fir all d'Strukturen

Anescht wéi zum Beispill bei den Alters- a Fleegeheemer gëllen an de Flüchtlingsstrukturen déi selwecht Reegele fir jiddwereen, onofhängeg vum Gestionnaire. Deemno wier et och net méiglech datt verschidde Foyeren mat zum Beispill engem méi groussen Terrain oder méi grousse Raim Visitten organiséieren. Well een awer keen Ënnerscheed tëscht Strukture konnt maachen, hätt een eng Reegel fir alleguer d'Foyeren applizéiert.

Nach net kloer wéini Visitten erëm méiglech sinn

Wärend der zweeter Well wiere manner wéi fënnef positiv Fäll detektéiert ginn, mee déi wieren direkt isoléiert ginn erkläert d'Caritas. Den ONA hätt am Mäerz direkt "structures d'urgences" an "d'isolation" op d'Been gestallt hätt, an enker Zesummenarbescht mat der Inspection sanitaire. Wéini Visitten an de Foyeren wärte méiglech sinn an no wéi enge Krittären dat décidéiert gëtt, konnt de Jérémie Langen nach net soen. D'Situatioun géif zwee mol d'Woch réevaluéiert ginn.