Solidaritéit FNEL-Scouten: Hëllef fir vulnerabel an eeler Leit

D'Scouten a Guidë vun der Fnel bidden eeleren a vulnerabele Leit gratis Hëllef an der Coronavirus-Kris un. D'Fnel geet fir betraffe Leit zum Beispill akafen, mam Hond spadséieren, oder an d'Post oder Bank. Vun e Sonndeg 14 Auer u funktionéiert eng Fnel-Hotline, op där Leit, déi esou Hëllef wëllen, kënnen uruffen.

Pierre Reyland / cz

Screenshot 2020-03-14 at 18.30.52.png
Foto: fnel.lu

D'Nummer ass 27 400 496. Op där Nummer ass d'Fnel all Dag vun 9-17 mëttes ze erreechen. Eng Demande fir Hëllef kann een och iwwer E-Mail maachen iwwer d'Adress ba@fnel.lu


Weider Erklärungen zu dëser Aktioun gëtt de Raoul Wirion am 100,7 Interview.

Lauschteren

Méi zum Thema

Coronavirus
Coronavirus

Et gëtt en éischten Doudesfall wéinst dem Coronavirus zu Lëtzebuerg. Ee 94-järegen ass un de Suitte vun der Covid-19-Krankheet gestuerwen.

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen