Konflikt Fondatioun Kräizbierg: OGBL fuerdert Demissioun vun der Direktioun

Den OGBL fuerdert d'Demissioun vun der Direktioun vun der Fondatioun Kräizbierg zu Diddeleng. E Wiessel wier néideg, fir datt déi sozial Missioun an den Atelieren a Foyeren erëm zur Prioritéit gëtt.

Serge Kesseler / cz

Fondation Kräizbierg
Foto: Archiv

Den OGBL wier mat fënnef bis sechs Reklamatioune wéinst sexuellen Avancen duerch den haitegen Administrateur Delegué Jeannot Berg géint Membere vum Personal confrontéiert ginn: Eng aus den 90er Joren, déi aner méi rezent, huet et de Moien op enger Pressekonferenz vu bal zwou Stonne geheescht.

Generell géif et bei der Fondatioun Kräizbierg eng Atmosphär vun Angscht ginn, wéinst enger ganzer Rei vu Mëssstänn, esou d'Gewerkschaft op Basis vun enger ganzer Rei vu konkrete Beispiller. An engem Foyer hätt et iwwer Méint e Broutmangel ginn, esou e vun de Virwërf. De Service Kiné hätt zum Deel net déi néideg Soine gemaach, d'Prestatioune wieren awer verrechent ginn. Bei engem Entloossungsgespréich wier eng Persoun zesumme gebrach. Scho 14 vun den am ganzen 390 Leit Personal hätten d'Fondatioun verlooss. De Verwaltungsrot mat un der Spëtzt dem Henri Grethen kritt e passiivt Handele virgehäit.

Als nächst Schrëtt huet den OGBL Entrevuë bei de Ministeren Dan Kersch a Corinne Cahen ugefrot. Weider gewerkschaftlech Aktioune bis hin zum Streik ginn net ausgeschloss.

Méi zum Thema

Kräizbierg 4
Konflikt

Am Konflikt bei der Fondatioun Kräizbierg verstäerken den OGBL an d'Personaldelegatioun den Drock op d'Direktioun an de Verwaltungsrot. Den Administrateur Délégué a President vum Direktiounscomité, Jeannot Berg, misst ersat ginn, fuerdert d'Personalvertriederin Daniela Willems.

Kräizbierg 3
Gesellschaft

De President vun der APIA bedauert, datt d'Direktioun vun der Fondatioun Kräizbierg sech bis haut nach net zu de Reproche geäussert huet. Hie selwer hätt schlëmm Saachen héieren. Beschäftegter mat enger Behënnerung wieren exploitéiert ginn.

Kräizbierg Manif 1
Konflikt tëschent Personal an Direktioun

Virun enger neier Reunioun vum Verwaltungsrot hunn eng 150 Leit d'Direktioun vun der Fondatioun Kräizbierg op engem Protestpiquet hefteg kritiséiert. Um Enn ass de Verwaltungsrot bei senger Positioun vu leschter Woch bliwwen.

Fondation Kräizbierg
Konflikt tëschent Direktioun a Personaldelegatioun

D'Decisioune vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Kräizbierg hunn net gehollef fir d'Personal ze berouegen: Den OGBL fuerdert am Konflikt tëschent Personaldelegatioun an Direktioun méi wäitreechend Decisiounen.

Kräizbierg 2
Vertrauenskris tëschent Personal an Direktioun

An der Fondatioun Kräizbierg sollen eng extern Evaluatioun an eng Mediatioun hëllefen de Konflikt ze léisen. Zanter Méint gëtt et eng Vertrauenskris tëschent der Personaldelegatioun an der Direktioun.

Fondation Kräizbierg
Fondation Kräizbierg

No interner Vertrauenskris soll de Mëtteg de Verwaltungsrot vun der Fondation Kräizbierg zesummekommen. Den OGBL hat vu Mëssstänn geschwat, d'Direktioun kritt en onmënschleche Féierungsstil virgehäit.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen