Bis Enn Oktober soll en externen Expert e Rapport iwwer d'Situatioun maachen, op Grond vun deem de Verwaltungsrot - wann néideg - géif Decisiounen huelen, zitéieren RTL.lu a Wort.lu aus engem Communiqué, deen d'Redaktioun vum 100komma7 net krut. De Verwaltungsrot géif bedaueren, datt d'Personal sech géint eng extern Mediatioun ausgeschwat huet. Den administrativen a finanziellen Direkter wier bis Enn Oktober Uspriechpartner fir d'Mataarbechter vum Atelier. Den Direkter vun den Atelieren, deen zesumme mam President vum Direktiounscomité kritiséiert gouf, ass eisen Informatiounen no fir zwou Wochen am Krankeschäin.
Zweet Reunioun bannent zwou Wochen
Wéinst der interner Kris war de Verwaltungsrot fir d'zweete Kéier bannent zéng Deeg zesummen: An der neier Seance hu Personalvertrieder nei Faiten op den Dësch geluecht, déi ënnermauere sollen, datt d'Direktioun Personal ënner Drock gesat hätt.
Déi lescht Méint hunn d'Delegatioun an den OGBL der Direktioun en onmënschleche Féierungsstil virgehäit, d'Direktioun huet d'Virwërf vu sech gewisen.
Protestpiquet zu Diddeleng
Virun der Sitzung vum Verwaltungsrot dësen Donneschdeg hunn eng 150 Leit virum Siège vun der Fondatioun protestéiert fir nach eemol op Mëssstänn opmierksam ze maachen. "Mir loossen eis net aschüchteren, et geet elo duer", sot de Pit Bach vum OGBL. D'Fakte géifen um Dësch leien: "Et géif ee mengen, datt hei d'Leit un der Spëtzt méi geschützt gi wéi d'Mataarbechter".
Et géif ee sech erwaarden, datt et änlech geet wéi am Blannenheem bei Miersch, wou am Juni no engem interne Konflikt den Direkter demissionéiert hat, hat den OGBL virun enger Woch am 100komma7-Interview gesot.
President vum Verwaltungsrot ass de fréieren DP-Politiker Henri Grethen. President vum Direktiounscomité a Member vum Verwaltungsrot ass de fréiere Beamte Jeannot Berg. D'Fondatioun Kräizbierg hat zejoert 270 Salariéen. Dobäi sinn an den Atelieren nach eppes méi wéi 100 Persoune mat enger Behënnerung beschäftegt.