Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine, Fiona Apple - All in Good Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frae sinn net all d'selwecht viru Gewalt geschützt

Fräie Mikro

Frae sinn net all d'selwecht viru Gewalt geschützt

An de nächsten Deeg gëtt am ganze Land am Kader vun der Orange Week u Fraen, déi Affer vu Gewalt si, geduecht. Et geet awer net duer, Gebaier orange ze beliichten an e puer Konferenzen ofzehalen. D'Realitéiten um Terrain musse sech duerch politesch Moossnamen änneren, mengt d'Laura Zuccoli am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli ass Mënscherechtsaktivistin a fréier Presidentin vun der ASTI. Foto: Archiv

Duerch d'Ratifizéierung vun der Istanbul Konventioun huet Lëtzebuerg sech verflicht, legislativ an aner Moossnamen ze huelen, fir e gewaltfräit Liewen an der ëffentlecher, wéi och an der privater Sphär ze fërderen an ze schützen, an dëst ouni Diskriminatioun.

Fraen ouni Pabeiere si besonnesch vulnerabel

Besonnesch dacks gi Fraen Affer vu Gewalt. Migrantinnen aus Drëttlänner, wann dës ouni Pabeieren hei bei eis liewen, sinn an enger extrem vulnerabeler Situatioun.

Wann eng Migrantefra an irregulärer Situatioun géint hire gewalttätege Partner eng Plainte mécht, gëtt d'Direktioun vun der Immigratioun automatesch vun der Police iwwer hir irregulär Presenz zu Lëtzebuerg informéiert.

Si riskéiert an hiert Heemechtsland zeréckgeschéckt ze ginn, nach éier hir Plainte och nëmme gesprach ass. An den Täter ka weider roueg schlofen a gewalttäteg sinn.

Betraffe Frae kréien net genuch gehollef

An anere Wieder: D'Ausübung vu Gewalt vum Mann gëtt als manner schlëmm consideréiert ewéi den illegalen Openthalt vun der Fra. Dofir stellen d'Associatioune vum Terrain fest, datt vill vun dëse Fraen sech net bei der Police melle a leide weider, fir net gezwongen ze ginn, Lëtzebuerg ze verloossen.

Dobäi gesäit d'Gesetz tatsächlech vir, Affer vu Gewalt oder Ausnotzung ee Recht op Openthalt zouzegestoen a si am Kader vu spezielle Programmer ze schützen. Efforten, fir betraffe Fraen an hiert Ëmfeld objektiv an ëmfaassend doriwwer ze informéieren, ginn et awer keng. Eng Schan, déi an direkter Kontradiktioun zu eise Sonndesriede steet.

Et ass och net kloer, ob Fraen ouni legalen Openthalt zu Lëtzebuerg, deenen hir Sécherheet a Gefor ass, a Strukture fir geschloe Frae kënnen opgeholl ginn. Um Enn musse si tëscht der Strooss an der Gewalt am Stot wielen.

Ee Problem: d'Sprooch

Och d'Kommunikatioun mat den Autoritéiten ass eng Barrière, wa Migrantefrae Gewalt an hirem Stot bei der Police wëllen denoncéieren. Si schwätzen dacks keng vun eisen offizielle Landessproochen.

Et gëtt awer e Recht op eng Iwwersetzung, wann een eng Plainte mécht, mee leider ass dës Iwwersetzung net ëmmer séier verfügbar. An engem räichen, multikulturelle Land ewéi Lëtzebuerg dierft e séieren an einfachen Zougang zu Iwwersetzer jo awer kee Problem duerstellen - an dat an allen Etappe vum Kontakt mat der Police, vum Empfang bis zum Ophuele vun der Plainte.

A propos: fir d'Ophuele vun der Plainte ze vereinfachen, kéinten Affer vu Gewalt e Questionnaire mat prezise Froen beäntweren, änlech wéi dat a Frankräich mam Questionnaire Violence Conjugale de Fall ass. En Instrument, dat der Police an dem Affer hëlleft, all Forme vu Gewalt méi kloer ze identifizéieren.

D'Rechter musse geschützt sinn

Déi fundamental Rechter vun den Affer, och an esouguer besonnesch am Fall vun irregulärer Migratioun, mussen op alle Niveauen thematiséiert a geséchert ginn. Juristesch Prozedure ronderëm Gewaltdoten daueren immens laang. Dofir muss zousätzlech zur Openthaltserlabnis och eng Aarbechtsgeneemegung ausgestallt ginn, fir dem Affer e selbstännegt Liewen ausserhalb der gewaltsamer Bezéiung ze erméiglechen.

Fir dës Orange Week wënschen ech mer jiddwerfalls manner Sonndesrieden a méi couragéiert politesch Moossname bei Gewalt géint Migrantinnen aus Drëttlänner, besonnesch wa se ouni Pabeiere bei eis liewen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.