Fraen an der Chamber Fraen nach ëmmer staark ënnerrepresentéiert

Dëst Joer goufen zwielef Fraen direkt an d'Chamber gewielt - nach manner wéi 2013. Deemools waren et der 14. Dat trotz der neier Quoteregelung, duerch déi op d'mannst 40 Prozent vun de Kandidate vum ënnerrepresentéiertem Geschlecht musse sinn. Virun de Wahle waren 18 Fraen an der Chamber, doduerch datt Kandidatinnen nogeréckelt si wéi d'Regierung gebilt gouf, respektiv wéi Deputéiert hir d'Mandat opginn hunn.

Fanny Kinsch / cz

Fanny Kinsch
Fanny Kinsch

Eent steet scho mol fest: an der Hallschecht vun der Legislaturperiod komme fir d'éischte Kéier Frae fir déi Lénk an d'Chamber. Duerch de Rotatiounsprinzip vun der Partei léisen dann déi zweet-gewielte Myriam Cechetti an Nathalie Oberweis de Marc Baum an den David Wagner of. Fir d'ADR an d'Piratepartei kommen nëmme Männer an d'Chamber.

Wann et erëm zu enger Dräierkoalitioun kënnt, kéinte fir d'LSAP, d'DP an déi gréng nach Fraen noréckelen. 2013 ware 15 Leit vun de Regierungsparteien an d'Chamber nogeréckelt, dovunner sechs Fraen. Dat war fir d'LSAP am Süden d'Taina Bofferding an d'Claudia Dall'Agnol, am Zentrum d'Cécile Hemmen an am Osten d'Tess Burton. Fir d'DP war et am Zentrum d'Joelle Elvinger a fir déi gréng d'Christiane Wickler am Norden. Déi hat awer no engem Joer hiert Mandat niddergeluecht, dat vum Gérard Anzia iwwerholl gouf. Iwwerdeems war bei der LSAP d'lescht Joer nach d'Simone Asselborn-Bintz fir de Roger Negri a bei déi gréng d'Sam Tanson fir de Claude Adam an d'Chamber komm.

Déi Fraen, déi nogerutscht sinn, goufen nëmme marginal zeréckgewielt. Fir d'CSV ware virun de Wahlen zwou Fraen an der Chamber, déi net direkt gewielt goufen, fir d'LSAP fënnef a fir d'DP eng. Keng vun hinnen ass erëmgewielt ginn, a bei der LSAP ass esouguer déi eenzeg Fra, déi 2013 direkt gewielt gouf, ofgewielt ginn: d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch.


D'Analys vum Fanny Kinsch:

Lauschteren


D'Ausnam gesäit ee bei déi gréng: d'Sam Tanson, déi eréischt am Fréijoer fir de Claude Adam nogeréckelt war, gouf zweet fir hir Partei am Zentrum an d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, déi 2013 net direkt gewielt war, huet den Henri Kox un der Spëtzt ofgeléist am Osten.

D'Kräfteverhältnisser tëschent déi gréng, LSAP an DP hu sech no dëse Wahle geännert. Et bléift deemno nach ofzewaarden, wéi eng Partei wéi vill Ministere stellt a wéi vill Leit dann noréckele wann et zu enger Nei-Oplag vun der Dräierkoalitioun kennt.

Am Osten zum Beispill ass bei der DP d'Carole Hartmann op éischter Plaz vun deenen, déi net direkt gewielt goufen. Si kéint noréckele wann den Éischtgewielte Lex Delles Minister géif ginn, bei der LSAP kéint d'Tess Burton erëm noréckelen, wann den Nicolas Schmit nees Minister gëtt. Wann de Claude Turmes e Regierungsmandat unhuele géif, kéint d'Stéphanie Empain als Zweetgewielt am Norde fir déi gréng noréckelen. Am Süde wäert bei der LSAP mat grousser Wahrscheinlechkeet d'Taina Bofferding erëm noréckelen, als éischt vun den net direkt gewielte Kandidate bei der LSAP, nach virun der Lydia Mutsch.

Méi zum Thema

Wiseler Spautz.jpg
Chamberwahlen 2018

Wou d'Rees hi geet, dat wëllt de Claude Wiseler dem CSV-Nationalrot den Dënschdeg den Owend soen. Dee Moment géif hien och d'Ëffentlechkeet "net nëmme prinzipiell, mee och ganz am Detail", informéieren.

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen