Radioen

On air

Notturno  |  Jaimie Branch - Theme 001

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fraen un d'Muecht?

Fräie Mikro

Fraen un d'Muecht?

Gläichberechtegung, esou schéngt et haut allgemeng a Wirtschaft a Politik ugeholl, heescht, datt d'Fraen déi nämlech Rechter, déi nämmlecht Posten an déi nämmlecht Salairë wéi Männer kréie sollen. Dofir gëllt dann op eemol Paritéit als déi universell Léisung vum Problem vun der männlecher Dominatioun. Dat bestreit en neit Manifest - Feminismus fir déi 99 Prozent - op dat energeschst. Paritéit léisst nämlech genee déi Ursaache vum Problem am Däischteren, déi se léise soll, mengt den Thierry Simonelli.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Frae sollen ophalen ze denken "Ech sinn net prett, dat ze maachen" a sollen ufänke sech ze soen "Ech wëll dat maachen - an ech wäert et léieren, andeems ech et maachen." Dës Iwwerzeegung vertrëtt d'Sheryl Sandberg an hirem Buch "Lean In" vun 2013, dat den Ënnertitel dréit: "Fraen, Aarbecht an de Wëllen ze féieren".

D'Sheryl Sandberg weess op alle Fall wat et heescht, sech Erfolleg z'erkämpfen als Fra. Si war no hirem Ofschloss un der Harvard Business School Stabscheffin am amerikanesche Finanzministère. Duerno huet si mat groussem Erfolleg fir Google geschafft a gouf 2008 Chief Operating Officer bei Facebook. Hei koum si dann och 2012 als éischt Fra an de Firmevirstand. Während hirer beandrockender Carrière huet d'Sanderg sech och ëmmer fir e bestëmmte Feminismus engagéiert.

Dësen Erfollegswee soll beweisen, datt och d'Fraen un d'Muecht an un d'Millioune komme kënnen, wa si - déi al Leier - nëmme staark genuch u sech gleewen an haart genuch dru schaffen. An der simplistescher Form fënnt een dëse Feminismus och an der Ivanka Trump hirem Buch "Women Who Work: Rewriting the Rules for Success".

Leeschtungsorientéierte Feminismus?

Et ass genee déi Zort vu Feminismus - eng Mëschung vu positivem Denken, amerikaneschem Dram a neoliberaler Erfolleg-Ethik -, déi en neit feministescht Manifest mam Titel "Feminism for the 99%", depasséiere wëllt.

Déi dräi Autorinne vum Manifest - d'Cinzia Arruzza, d'Tithi Bhattacharya an d'Nancy Fraser - bréngen d'Saache ganz séier op de Punkt. Dee Feminismus, deen d'Sheryl Sandberg beispillhaft vertrëtt, ass: "[...] dorop ausgeriicht privilegiéierte Fraen ze hëllefen d'Leederen an de Firmen [...] eropzeklammen an e vertrëtt eng Maart-orientéiert Opfaassung vun der Gläichheet, déi mat der virherrschender Begeeschterung vun de Firme fir "Diversitéit" iwwereneestëmmt. [Dësem Feminismus] säin eigentlecht Zil ass net Gläichheet, mee Leeschtungsbereetschaft."

E Feminismus also fir deen ee Prozent vun den Top-Managerinnen an de Milliardärsduechteren. E Feminismus deen, esou d'Manifest, déi finanziell Dominatioun an Ausbeutung mat feministescher Fassade ubitt.

Dofir denken d'Autorinne vum Manifest och, datt dësen sougenannte "liberale Feminismus" net nëmme keng Léisung bréngt, mee selwer en Deel vum Problem ass.

D'Strukture vum Kapitalismus ginn iwwerholl

Esou e Firmen-Feminismus ignoréiert déi sozio-ekonomesch Obstakelen, déi sech der Gläichberechtegung an der haarder wirtschaftlecher Realitéit opposéieren. Well Rassen- a Klassen-Zougehéieregkeete loosse sech meeschtens net einfach mat positiver Astellung an haarder Aarbecht iwwerwannen. Dës Zort vu Feminismus iwwerhëlt also genee déi kapitalistesch Dominatiounsstrukturen, déi vum Feminismus ze iwwerwanne wären.

Kompetitiven Individualismus fir Frae bréngt keng wierklech Ännerung. Esou schéin et ass, datt vereenzelt, bevirdeelegt Fraen déi héchste Posten erklammen, esou wéineg ass domat fir déi 99 Prozent vun den anere Frae gewonnen. De kapitalistesche System vun der Ausbeutung gëtt hei just mat neie Matspillerinne besat, an dann ouni strukturell Ännerung reproduzéiert.

E wuel verstanene Feminismus, esou d'Autorinne vum Manifest, soll awer net just de System vun der ekonomescher Dominatioun fir Fraen opmaachen. Hie soll dëse Gesellschaftssystem aus enger anerer, radikal feministescher Perspektiv, veränneren.

An dat heescht konkret: déi sozial Reproduktioun am Zeeche vu Profit a Wuesstum opbriechen, a se an d'Richtung vun engem feministesch-demokrateschen Öko-Sozialismus dirigéieren. Dat geet weder am kapitalisteschen Hamsterrad, nach mat identitäre Revendicatiounen, mee nëmmen an der Zesummenaarbecht vu sozialen a politesche Beweegungen, déi déi nämmlecht Ziler verfollegen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.