Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fraerechter a Gefor!?

Fräie Mikro

Fraerechter a Gefor!?

Fënnef Joer no der Metoo-Beweegung, déi sexuell Iwwergrëff an den ëffentlechen Debat bruecht hunn, dräi Méint no den Diskussioune ronderëm d'Ofdreiwung an den USA, ee Mount nom trageschen Doud vun der Mahsa Amini, sinn d'Rechter vun de Fraen erëm an de Schlagzeilen. Wat d'afghanesch Fraen ubelaangt, si si leider erëm an de Vergiess geroden, mengt d'Antonia Ganeto, Spriecherin vu Finkapé a Member vun der Mënscherechtskommissioun an hirem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Ass eis Welt fir d'Frae méi onsécher, wéi fir d'Männer? A mengen An jo! Och wann d'Erausfuerderunge vu Land zu Land ënnerschiddlech sinn, stellt ee fest, datt d'Fraerechter ëmmer erëm a Fro gestallt ginn, oder souguer réckgängeg sinn.

Huele mir d'Beispill vun Italien, wou eng Fra an der Persoun vun der Madamm Gorgia Meloni un d'Muecht komm. Si hat wärend hirer Wahlcampagne versprach d'Recht op Ofdreiwung ze limitéieren an déi äerzkonservativ a patriarchalesch Familievirstellunge vun der Partei Fratelli d'Italia sinn éischter e schlechten Ome fir d'Fraerechter an dësem EU Land.

Frae sinn nach ëmmer net fräi an hiren Entscheedungen

A bei eis? Wat d'Rechter vun de Fraen ugeet ginn oft Ënnerscheeder am Akommes fir déi nämlech Aarbecht erwäänt. Et ass gutt, datt do an eisem Land Fortschrëtter gemaach gi sinn. Leider ass et nëmmen déi visibel Spëtzt vum spréchwiertlechen Äisbierg, warscheinlech well een déi Differenz moosse kann an een ee kloert, konsensfäegt Zil virun Aen huet.

Mee wéi gesäit et an all deenen anere Beräicher aus, wou déi Entscheedung net sou kloer ass an u Moralvirstellunge geknäppt ass? Ech hunn d'Gefill, datt vun de Frae verlaangt gëtt, datt si Entscheedungen, déi si betreffen, mat Bléck op d'Erwaardunge vun der Gesellschaft sollen huelen.

Selbstbestëmmung feieren

Déi nämlecht Fro stellt sech natierlech bei den Ofdreiwungen. Do ginn ëmmer erëm moralesch a reliéis Argumenter virgedroen, mee vill ze seelen héiert een d'Argumenter vun de betraffene Fraen, firwat si déi Entscheedungen treffen. Obwuel d'Ofdreiwung legaliséiert ass feelt et an eisem Land un offiziellen Zuelen an domat gëtt och a mengen Aen dësen Akt stigmatiséiert. De Musical "Good Girls" vum Larisa Faber de vum 8. Bis den 11 November am Escher Theater gewise gëtt, gräift genau dee Sujet op a gëtt Fraen aus Litauen, England a Lëtzebuerg eng Stëmm déi hier Selbstbestëmmung feieren.

Feminizid feelt nach ëmmer am Code pénal

Enger Etüd vum Statec no, déi am Juli verëffentlecht ginn ass, huet zu Lëtzebuerg all zweet Fra schonn eng psychesch Aggressioun, ewéi Stalking, moraleschen oder sexuell Belästegung Drock opgrond vun hirem Geschlecht ze vermierken. All drëtt Fra ass Affer vun engem physeschen Iwwergrëff ginn, a bal eng vun dräi Fraen ass emol Affer vun engem sexuellen Iwwergrëff ginn; eng vun zéng Fraen ass och Affer vun enger méi dramatescher Form ginn, ewéi zum Beispill eng Vergewaltegung oder eng versichte Vergewaltegung.

Bannent dräi Woche goufen zwou Fraen déi zu Lëtzebuerg wunnen, ëmbruecht. Trotzdeem feelt de Femininizid, also d'Ermuerdung vun enger Fra, well si eng Fra ass, nach ëmmer am Lëtzebuerger Code pénal.

Wat d'Rechter vun de Fraen, an och villen anere Geschlechter, ugeet ass et wichteg opmierksam ze bleiwen, iwwer eis Erausfuerderungen ze schwätzen an net ze fäerte fir eis Rechter anzekloen. Well Fraerechter si Mënscherechter a mir sinn alleguer betraff! Wéi d'Simone de Beauvoir sot "Vergiesst ni". Et brauch nëmmen eng politesch, reliéis oder ekonomesch Kris fir datt d'Fraerechter erëm a Fro gestalt ginn. Déi Rechter sinn ni selbstverständlech! Mir mussen eis d'Liewe laang uescht ginn.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.