Radioen

On air

Notturno  |  Nite Jewel - This Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fräiberufflech Hiewanne wënsche sech méi Unerkennung

Hiewannen

Fräiberufflech Hiewanne wënsche sech méi Unerkennung

D'lescht Joer koumen zu Lëtzebuerg ronn 6000 Kanner op d'Welt. Wann d'Mammen no enger Gebuert erëm doheem sinn, hu si d'Recht op eng Begleedung duerch eng fräiberufflech Hiewann. Déi liwweren Tipps an hunn och en oppent Ouer fir eng ganz Rei vu Sujeten. Allerdéngs géife si dofir net entspriechend vun der Gesondheetskeess entlount ginn, heescht et vun der Associatioun vun den Hiewannen. Déi meescht bréichten dowéinst nach een zweeten Job, seet d'Anne Dahm, Member vun der Associatioun.

auto_stories

3 min

D'Anne Dahm ass zanter 20 Joer Hiewan. Si ass op déi sougenannt Soins post partum spezialiséiert. Dat ass déi Fleeg, déi e Puppelchen an och d'Mamm no der Gebuert brauchen. No der Gebuert huet all Fra d'Recht, doheem Soinse vun enger fräiberufflecher Hiewann ze kréien.

Dofir si gesetzlech Forfaiten virgesinn. Déi hänken dovun of, wéi vill Deeg Mamm a Kand an der Maternité verbruecht hunn. No dräi Deeg Maternité fält zum Beispill e Forfait vun maximal aacht Seancë mat enger Hiewann un. Wéi vill der gebraucht ginn, decidéiert d'Hiewann.

Heiansdo bräicht d'Fra just eemol eng Hiewann, seet d'Anne Dahm. Aner Situatioune wiere méi schwéier. Zum Beispill bei enger Fréigebuert oder wann d'Kand net drénkt, da misst ee sechs oder siwe mol goen.

"Forfait ass eng Moyenne"

Fir deen éischte Rendez-vous géif si sech ëmmer eng Stonn bis annerhallef Stonn Zäit huelen, "well ech d'Fra net kennen, si nach ni gesinn hunn, mir muss eng Iddi maachen, wéi si ass, wéi si lieft, wéi si accouchéiert huet, wat hier Demande ass." Déi nächst Seancë wier si da meeschtens just nach eng hallef oder eng dräivéierel Stonn bei der Fra.

Allerdéngs ass et och esou, datt d'Gesondheetskeess fir déi maximal aacht Seancë maximal ronn 141 Euro bezilt. Dat mécht 17,5 Euro pro Seance, wann all aacht Seance an Usproch geholl ginn.

E Forfait wier ëmmer eng Moyenne, seet de Paul Schmit, President vun der CNS. "Do kann een net soen et hätt ee Recht op esou vill Seancen, mee dat soll am Fong déi ganz Saach ofdecken." Eng ähnlech Logik géif et och bei der Assurance Dependance ginn.

Tarifdiskussioune mat der CNS

Zanter e puer Méint diskutéieren d'Hiewanne mat der Gesondheetskeess iwwer méiglech Ännerungen un den Tariffer, an um forfaitaire System am grousse Ganzen. Momentan géifen d'Forfaite bis den zéngten Dag goen, seet d'Anne Dahm. "Eis Iddi war fir déi Forfaiten vläicht e bësse méi laang ze kréien. Oder eben ze kucken ob mer se net kënnen ofschafen."

D'Anne Dahm ass zanter 20 Joer Hiewann

Déi meescht fräiberufflech Hiewannen hätten nieft hiren Aufgaben bei de Fraen doheem nach en zweeten Job, meeschtens an enger Maternité, seet d'Anne Dahm. Si selwer schafft hallefzäit am Stater CHL. Ouni déi Sécherheet géif et finanziell schwiereg ginn, seet si. Engersäits well een d'Zuel vu Gebuerten, an also Patienten déi doheem ze betreie sinn, net ka plangen. Anerersäits well d'Tariffer net héich genuch wieren. D'Hiewanne fuerderen dowéinst, datt d'Bezuelung soll an d'Luucht goen.

Den CNS-President Paul Schmit gëtt ze verstoen, datt hien sech enger Diskussioun net verschléisst. Hie wéilt awer an Etappe virgoen. "Dat wat ee schnell ka maache wier sécherlech mol eng punktuell Verbesserung, och wann dat nach net déi ideal Solutioun ass." D'CNS wier bereet, eng pragmatesch Verbesserung mat ze droen. Am Laf vum nächste Joer kéint een Diskussiounen ufänken, fir de System komplett ze änneren.

Méi Unerkennung fir de Beruff vun der Hiewann

Déi lescht Jore louch d'Zuel vun de Gebuerten zu Lëtzebuerg bei ronn 6.000. Just ronn en Drëttel vun de betraffene Famille froen och eng Hiewann fir bei si heem ze kommen.

D'Hiewanne wënsche sech generell méi Unerkennung, seet d'Anne Dahm, och gesellschaftlech. Si gesäit hire Beruff als ee wichtege Pilier an enger ëmmer méi medikaliséierter Welt. De Gynekolog géif virrangeg de Bauch an d'Kand wat dran ass interesséieren, d'Fra ronderëm awer manner, seet d'Anne Dahm. Grad do géifen d'Hiewannen usetzen.

Wéini mat Resultater an den Tarifdiskussioune mat der CNS ze rechnen ass, steet net fest. De Paul Schmit warnt jiddefalls elo schonn virun der Komplexitéit vun enger Reform vun de Forfaiten.