Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Artaban - Jeans En Cuir

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi een an de Bësch rifft...

Fräie Mikro

Wéi een an de Bësch rifft...

Déi aktuell politesch Debatt iwwert d'Sécherheet an der Stad setzt virun allem op eng repressiv Rhetorik, déi awer net nëmmen dem Theema net gerecht gëtt, mee och zu enger Verrohung vun den Discourse féiert mat ongewëssem Ausgang. Där Meenung ass den Affekot Frank Wies am Fräie Mikro vun haut.

auto_stories

4 min

"i een an de Bësch rifft, esou schaalt et zeréck", seet d''Spréchwuert. Wann een déi aktuell Debatt iwwer d'Sécherheet zu Lëtzebuerg a speziell am Garer Quartier vun der Staat verfollegt, da muss ee sech froen, wéi eng Echoen déi politesch Rhetorik do zou soll provozéieren.

Am Juni hate verschidden Deputéierte vun der CSV eng Pressekonferenz iwwert d'Kriminalitéit zu Lëtzebuerg an eng vermeintlech Kuschelpolitik vun der Regierung ofgehalen. Den Ophänker dofir war eng Statistik vun der Police, laut där d'lescht Joer 40.000 Strofdoten enregistréiert goufen. Déi éischte Kéier an der Lëtzebuerger Geschicht wier dës Mark iwwerschratt ginn. Datt 2013, wéi d'CSV an d'Oppositioun koum, bal 90.000 Leit manner am Land gewunnt hunn an dat vläicht och eppes mat der Zuel vun de Strofdoten ze dinn huet, gouf net erwäänt.

Politik muss alt mol zouspëtze fir sech Geheier ze verschafen, virun allem wann een an der Oppositioun sëtzt. Muss se awer och bis zur Karikatur verallgemengere just fir dem Narrativ vun der galoppéierender Kriminalitéit verursaacht duerch eng vermeintlech lasch Regierung ze entspriechen?

Politesche Selbsterhaltungstrieb iwwer grondsätzleche Rechtsstaatprinzippien

All d'Stroftäter wieren Auslänner, gouf zum Beispill behaapt. Erënnere mer dobäi drun, datt beim Drogenhandel och de Konsument stroffälleg gëtt, an dësen oft Lëtzebuerger a seelen illegal am Land ass.

E komplext Theema wéi den Drogenhandel an aner domat verbonnene Problemer, bei deem gesellschaftlech Phenomener wéi Sucht, Migratioun oder och sozial Exklusioun zesumme spillen, geet reduzéiert ob eng Fro vun Häert vum Gesetz fir e puer Punkten an der politescher Arena ze sammelen.

Och déi Stater Buergermeeschtesch schéngt no dem vill diskutéierte Virfall mat engem Hond vun enger privater Sécherheetsfirma de politesche Selbsterhaltungstrieb iwwert d'Grondprinzippien, wéi Onscholdsvermutung oder d'Onofhängegkeet vun der Justiz gestallt ze hunn.

Geféierlech Vermëschungen

Een Dag no de Faiten, an enger Vermëschung vun de Rolle vu Police, Parquet a Riichter gouf déi attackéiert Persoun als Dealer betitelt, deen aggressiv säin Territoire verdeedegt hätt. Tëschent den Zeilen huet dat no "selwer schold" geklongen a sollt wuel och esou eriwwer kommen.

Éischt Echoen ob déi Verrohung vum politeschen Discours si schonns ze verlauden. Esou huet d'Justizministesch mussen op eng parlamentaresch Fro hi versécheren, datt nach genuch Plazen an de Lëtzebuerger Prisonge wieren. Wéi wann dat de Problem géif léisen.

D'Politik muss hier Drogen- a Sozialpolitik iwwerdenken

Mir hunn zënter 1973 eng repressiv Drogepolitik mat Prisongsstrofe bis an den zweestellege Beräich eran. E Bléck ob Urteeler weist, datt Parquet a Gerichter net zécken, fir déi och unzewenden. An trotzdeem geet d'Zuel vun den Delikter net zeréck a wann een der Stater Buergermeeschtesch gleeft, huet d'Situatioun sech esou guer verschlechtert.

Amplaz sech mat repressiver Rhetorik géigesäiteg ze iwwerbidden, géife verschidde politesch Acteure gutt drun doen déi eegen Drogen- a Sozialpolitik vun de leschte 40 Joer a Fro ze stellen. Soss kéint ee jo mol ob d'Iddi kommen, no Joerzéngten in Amt und Würden hätte se vläicht och en Deel Verantwortung un de Mëssstänn ze droen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.