Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fräiwëlleg an obligatoresch Stagë musse bezuelt ginn"

Chamberwahlen 2018

"Fräiwëlleg an obligatoresch Stagë musse bezuelt ginn"

D'Kierzung vun de Studentebourssen, de Referendums-Vott géint d'Wahlrecht mat 16 Joer, de Gesetzesprojet iwwer Stagen: Fir d'Studentenorganisatioun UNEL war dës Legislatur vun enger "jugendfeindlecher Politik" gepräägt.

auto_stories

1 min

headphones

17 min

play_arrow
Kelly Kosel

Net nëmme wiere gesetzlech Mesurë géint d'Jugend geholl ginn, mee allgemeng géifen Themen, déi déi Jonk concernéieren an interesséieren net matgeduecht, seet d'UNEL-Spriecherin Kelly Kosel. Dat hätt domat ze dinn, datt d'Hallschet vun de Wielerinnen a Wieler iwwer 50 ass.

Et wier net alles schlecht gewiescht, mee de Gratis-Transport fir Schüler a Studente wier just eng "kleng Kamell". Besonnesch bedauert d'Kelly Kosel, datt - bis op déi Lénk an déi gréng - keng vun de Parteien d'Entlounung vu Stagen an de respektive Wahlprogrammer opgräift. D'Haaptfuerderung vun der UNEL ass et, datt nieft de fräiwëllege Stagen och déi obligatoresch musse bezuelt ginn.

Déi gréisste Lëtzebuerger Studentenorganisatioun, d'ACEL, huet e Projet mat der Regierung ausgeschafft, déi d'Stagen iwwerhaapt emol reglementéieren. Rezent huet d'Regierung Amendementer un dësem Gesetzprojet proposéiert. Déi Amendementer wieren awer just "reng formal Schéinheetskorrekturen", seet d'Kelly Kosel. Den Text vum Gesetzprojet géif en ongläiche System schafen, "well wann de Patron d'Wiel huet, tëschent engem bezuelten an engem onbezuelte Stagiaire, dann ass d'Decisioun séier gemaacht", sou d'Kelly Kosel. D'Haaptfuerderunge vun der UNEL an d'Haaptproblemer vun dësem Gesetzesprojet géifen - och duerch dës Amendementer - net ëmgesat oder opgeléist ginn, seet d'UNEL-Spriecherin Kelly Kosel.