Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fräizäitbeschäftegung oder Alternativ zum Auto?

mobilité douce

Fräizäitbeschäftegung oder Alternativ zum Auto?

2015 gouf hei am Land en ambitiéist Gesetz fir d'Promotioun vu Velospisten a vun der doucer Mobilitéit ugeholl. D'Gemengewahle weisen awer, datt déi politesch Responsabel an der Logik vum Vëlo als Fräizäitbeschäftegung a vun autogerechte Stied bliwwe sinn, erkläert den Zäithistoriker Denis Scuto.

auto_stories

7 min

Ee Bild seet méi wéi dausend Wierder. Wann ee sech d'Plakater zu de Gemengewahlen ukuckt, misst een dëst Spréchwuert liicht ëmänneren: E Bild widderleet dausend Wierder. Vill Wierder hu mir an de leschte Méint iwwert eng aner Mobilitéit héieren. Vu "Vëlosnatioun Lëtzebuerg" gouf souguer geschwat.

Eng aner Mobilitéit ass dann natierlech och en Thema an alle Wahlprogrammer. Mä während Wierder dem Vëlo bei (bal) alle Parteien eng zentral Plaz am Verkéier wëlle ginn, weisen d'Plakater eppes anescht. Am onfräiwëlleg witzegsten ass hei d'Plakat vun der CSV. En almoudeschen Dammevëlo gesi mir hei, bei e Bam gestäipt, wéi wa seng Besëtzerin e matten an der Natur vergiess hätt. Am Dornröscheschlof. Op de grénge Plakater fueren d'Veloen, mä souguer hei, bei dëse Promoteure vum Vëlo, si si fir d'Famill a fir d'Mamm mam Kand vir um Kannersëtz. An de Vëloen hir Plaz ass an der Natur.

Just Fräizäitbeschäftegung?

Wahlslogane verspriechen eis eng Zukunft, wou mir mat Zuch, Bus, Tram a Vëlo iwwerall zu Lëtzebuerg hikommen. Mä d'Kommunikatiounsexperten, déi Plakater entwerfen, sinn net esou blöd, deen Text ze gleewen. Si werbe mat Biller, déi méi credibel sinn. Si wëssen, datt déi politesch Responsabel, genee wéi d'Wieler an d'Wielerinnen hei zu Lëtzebuerg, um Niveau vun den Ziler vum éischte Gesetz zu de Vëlospisten aus dem Joer 1999, viru bal 20 Joer, hänkebliwwe sinn: De Vëlo als Fräizäitbeschäftegung.

D'Wahlplakater vun 2017 illustréieren de Commentaire vun de Gesetzesartikele vun 1999:

"Sans négliger le vélo comme moyen de transport et la création d'un réseau national bien structuré de pistes cyclables comme une amélioration de l'infrastructure des voies de communication publiques, les vocations principales du nouveau réseau sont la récréation et la promotion du cyclotourisme. C'est dans cette perspective que cet article prévoit l'intégration dans le réseau national d'embranchements vers des sites particuliers tels que des zones de repos ou des attractions touristiques (lac, château, lieu de vestiges, etc.) (...)."

Vëlo-Tourismus

Am Exposé des motifs gëtt ëmmer erëm betount, datt de Vëlo natierlech net a Konflikt mat den aneren Acteuren am Verkéier dierf kommen. Datt den Auto domat gemengt ass, brauch net präziséiert ze ginn.

1999, do gouf sech schonns iwwert ee Joerzéngt, och zu Lëtzebuerg, fir eng aner Mobilitéit agesat. 1984 gouf déi éischt Vëlosmanifestatioun vum Stater Mouvement écologique organiséiert. 1985 koum d'Grënnung vun der Lëtzebuerger Vëlosinitiativ. Dee selwechte Moment gouf bei eisen däitschen Noperen de Programm "Fahrradfreundliche Städte" an d'Liewe geruff. An den 1990er Jore sollten d'international Vëlo-City-Kongresser dobäikommen. Ouni vun den Entwécklungen am Vëlosparadäis Holland ze schwätzen.

D'Moossnamen fir vëlosfrëndlech Stied louchen och deemools schonn um Dësch: Massiv Verbesserung an d'Schafe vu Vëlosweeër iwwer Land an an de Stied, visibel Vëlosspueren, d'Schafe vu richtege Vëlosstroossen, Ëffnung vun Einbahnstroossen, systematesch Signaliséieren, méi Parkplaze fir Vëloen, Ausbau vum Bike and Ride-System an den Zich a Busser, vill méi Budget fir de Vëlo, eng eege Verwaltung, Ëffentlechkeetsaarbecht asw.

10,9 km nei Velosweeër

Et ass erschreckend, wéi wéineg zu Lëtzebuerg an deem Beräich erreecht gouf. Just eng Statistik: Deemools, Enn der 90er Joren, gouf et ongeféier 360 km Vëlosweeër hei am Land. Et sollten der dem Gesetz no weider 600 dobäikommen. Mä 2015, wou dat aktuellt Gesetz zu de Vëlospiste gestëmmt gouf - de Projet war nach vun der fréierer Regierung deposéiert ginn - waren et der just 250 km méi.

Wéi den zoustännege Minister François Bausch am Oktober 2015 den Entwécklungsplang vun de Vëlosweeër der Press presentéiert huet, sot hie bis Enn 2015 wiere schonn 33 weider Kilometer fäerdeg.

Zwee Joer méi spéit gi mir Dank enger parlamentarescher Ufro gewuer, datt vun 2015 bis 2017 am ganzen 10,9 km nei Vëlosweeër dobäikomm sinn. (Woubäi d'Vëlosweeër, besonnesch am Süde vum Land, deelweis an esou engem lamentabelen Zoustand sinn, datt d'Lëtzebuerger Vëlosinitiativ fir hir Editioun 2017 vun der nationaler Vëloskaart de Vëloswee, dee Péiteng iwwer Déifferdeng mat Belval an der Piste cyclable de la Terre rouge soll verbannen, carrement erausgeholl huet. Déi jorelaang Versprieche vun Amenagementer vun där Streck goufen bis elo net ëmgesat.)

Just allgemeng Parolen

Geplangt war, datt vun 2015 bis 2018 Lëtzebuerg vun 613 km Vëlospisten op 753 géif kommen. No 10 km an zwee Joer missten also 130 km an engem Joer dobäikommen. Ech sinn net staark an der Mathe, mä no menge Berechnunge brauche mir an deem Rhythmus nach Joerzéngten, bis mir op duebel souvill Vëlospiste wéi haut hei am Land kommen. Wéi mir d'Zil vu 25 Prozent alldeeglech Deplacementer duerch déi sougenannte Mobilité douce fir 2020 hei am Land esou wëllen erreechen, ass mir e Rätsel.

Dat Zil gëtt am Exposé des motifs vum neie Gesetz vun 2015 iwwer d'Vëlosweeër ernimmt. Do liese mir, datt ee mat der Logik vun den 90er Joren wéilt briechen:

"Le réseau de 1999 en tant que tel cible essentiellement un usage du vélo à des fins sportives, touristiques, voire écologiques. Aujourd'hui cet objectif ne correspond plus à l'image du vélo. La Stratégie pour une mobilité durable a montré que d'un côté, 40 % des trajets quotidiens sont inférieurs à 3 km alors que de l'autre côté le Luxembourg détient le record européen de l'utilisation de la voiture individuelle avec une part de 60 % sur des trajets compris entre 0 et 1 km."

Et traut ee sech op d'mannst deen aneren Acteur am Verkéier, den Auto, mëttlerweil mam Numm ze nennen. D'Gemenge sollen do och hir Roll spillen a gi mat Subventioune vum Staat ënnerstëtzt. Mä an de Programmë vun den eenzele Parteie fir d'Gemengewahlen geet et net iwwer allgemeng Parolen, wéi de kontinuéierlechen Ausbau vu Vëlosweeër oder méi Stellplaze fir Vëloen, eraus.

Eng autogerecht Stad

De Grond fir esouvill Onverbindleches, d'Ursaach, firwat d'Gemengen zu Lëtzebuerg am Géigesaz zu internationalen Entwécklungen ëmmer nach un der Auto- amplaz Vëlos- a Foussgänger gerechter Stad festhalen, hunn de Jürgen Stoldt an de Ben Manet an hirer Aleedung zum Forum-Dossier vu Juni 2017 gutt mat dësem Saz op de Punkt bruecht:

"Um ihre unbeugsamen Autofahrer nicht zu verschrecken, arbeiten sich Stadt und Land nur im Schneckentempo ins 21. Jahrhundert vor und auch nur dort, wo zwar mit viel Geld aber ohne Konflikte Resultate zu erreichen sind: in Form von hängenden Fahrradwegen, 70 Meter hohen, freistehenden Aufzügen, speziell fürs Fahrrad errichtete Brücken über die Täler, zusätzliche Fahrradwege entlang der Festungsmauern ..."

Wéi an aneren Uertschaften hu mir zu Bieles, méi genee gesot zu Belval Nord, Sue fir nei prestigiéis Vëlosweeër, awer nëmmen do, wou si net a Konflikt mam Auto kommen.

Bei eis ass et net d'Nei Bréck oder de Lift am Pafendall, mä déi wonnerschéi Waassertrap, 500 Meter Vëlos- a Foussgängerwee am Gréngen, deen a Richtung Esch soll weidergoen. Mä kee Politiker oder Beamte konnt mir bis elo erklären, wéi den Tracé verleeft an och net, wéini dee gebaut gëtt. Well fir iwwer Belval oder Raemerech op Esch ze kommen, muss een dem Auto eppes ewechhuelen.

Da léiwer mat der Vespa

Fir mat mengem Vëlo oder E-Bike, déi ongeféier 25 km vu mengem Haus an der Waassertrap bis an d'Stad an d'Archiven oder d'Bibliothéik, oder op de Kierchbierg an den 100,7 ze kommen, bleift mir also näischt anescht iwwreg, wéi eng Mëschung vu Landstroossen, vun Haaptverkéiersachsen, vu Vëlosweeër an och mol vun Trottoiren ze benotzen. Woubäi ech op kriddleche Plazen meng Sécherheet am Trafic, also mäi Liewen als Vëlosfuerer, op d'Spill setzen. Zum Beispill an der Dräikantonsstrooss, an der Entrée vun der Stad zu Hollerech oder am Garer Quartier, wann ech den Zuch mat bäihuelen.

Enfin, elo net méi: Fir vu Belval an d'Stad ze fueren, sinn ech mëttlerweil léiwer op d'Vespa ëmgeklommen. Adaptéiert a kontinuéierlech Stroosse fir dëst Transportmëttel existéiere wéinstens. De Vëlo huelen ech no Feierowend an de Weekend. Als Sportsmann vum Charly Gaul an Andy Schleck-Land an der houfreger Vëlosnatioun Lëtzebuerg.