Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ François Bausch: "D'Decisioun iwwer d'Impfflicht fält an 2-3 Méint"

Covid19-Impfung

François Bausch: "D'Decisioun iwwer d'Impfflicht fält an 2-3 Méint"

D'Regierung wäert den Impftaux bei den Awunner iwwer 50 Joer analyséieren, éier se decidéiert, ob eng Impfflicht agefouert gëtt, seet de François Bausch am 100,7-Interview. An zwee bis dräi Méint sollen déi Zuele genee analyséiert ginn.

auto_stories

1 min

De François Bausch ass grénge Vizepremier

D'Resultat vun der Analys wier decisiv dofir, ob effektiv eng Impfflicht fir Awunner iwwer 50 agefouert gëtt, esou de François Bausch am 100,7-Interview.

"Mir wëssen, wou de Schwaachpunkt ass - iwwer 50 Joer - a mir musse kucken, datt mer déi Leit protegéiert hu bis de nächste Wanter, well do läit eise Risiko."

Wann ee geséich, datt den Impftaux bis de Summer héich genuch wier, da bräicht een de Gesetzestext vun der Impfflicht "vläicht net ze stëmmen", esou de grénge Vizepremier.

"D'Zuele ginn all Mount aktualiséiert a mir wäerten dann, am Abrëll/Mee kucken de geneeë Bilan ze maachen. An dann decidéieren, ob mer et musse stëmmen."

De François Bausch wollt sech awer net festleeën, wéi héich den Impftaux muss sinn fir datt d'Regierung vun enger Impfflicht ofgesäit. Dat géif vun de wëssenschaftlechen Avisen ofhänken.