Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ François Bausch fuerdert Restriktiounen am Privaten

Corona-Kris

François Bausch fuerdert Restriktiounen am Privaten

Nodeems d'Zuel vu confirméierten neien Infektioune mam Coronavirus an de leschten Deeg zu Lëtzebuerg nees däitlech geklommen ass, géif d'Regierung drun denke fir d'Gesetz nees ze verschäerfen, seet de Vizepremier François Bausch. Eng héich Ustiechungsgefor géif et dem François Bausch no ënner anerem bei private Partye ginn.

auto_stories

3 min

De François Bausch (déi gréng) ass Vizepremier a Minister fir bannescht Sécherheet

D'Regierung hätt vun Ufank un och nom État de crise wëlle Restriktiounen am private Beräich bäihale fir d'Zuel vu Leit, déi een doheem empfänken däerf, weider ze limitéieren. Wéinst enger formeller Oppositioun vum Staatsrot gouf dat dunn awer net festgehalen.

Elo hätt d'Situatioun sech nees geännert, esou de François Bausch, an dofir misst d'Regierung sech iwwerleeën, ob een net "besser Argumenter" hätt fir dat ze justifizéieren an de Staatsrot ze iwwerzeegen, fir do "erëm eng Barrière" anzesetzen. Et kéint net sinn, datt ee sech dee gudde Bilan géif "versauen", esou de Vizepremier François Bausch.

Amendementer an der Chamber

D'Regierung géif ganz sécher nach méi an d'Ëffentlechkeet goen, esou de François Bausch, an et wiere parlamentaresch Amendementer un de Covid-Gesetzer néideg. Dat géif e Mëttwoch am Regierungsrot diskutéiert ginn: "Mir musse verstoen, wéi dee Virus funktionéiert".

E géif sech séier an zouene Raim iwwerdroe ginn, wou wéinst der Musek haart geschwat gëtt, wou gesonge gëtt, wou gedanzt gëtt. Dat misst een elo op der Säit loosse fir sech dat normaalt Alldagsliewe wéinst dem Virus net ze versauen, esou de François Bausch.

Risiko Nuetsliewen

Zum Deel géifen d'Leit sech un d'Hygiènesmesurë wéinst dem Coronavirus halen, zum Deel net, esou de grénge Vizepremier François Bausch, och Minister fir bannescht Sécherheet. Et géif hien net iwwerraschen, datt grad am Nuetsliewen eng Infektiounsgefor géif bestoen. De Virus wier jo och ënner anerem op Partyen am Schigebitt Ischgl verbreet ginn.

D'Police géif 30 Kontrollen den Dag maachen: "D'Police ass present, mee se kann net iwwerall zur selwechter Zäit sinn", esou de François Bausch. Et misst ee sech och iwwerleeën, ob ee sech net nach méi Moyenen am Gesetz gëtt. Et kéint net sinn, datt ee sech de gudde Bilan bis elo verdierft, wéinst e puer esou groussen Evenementer op enkem Raum.

Geziilt handelen

De grénge Minister François Bausch seet, de Staat misst kënne geziilt handelen, wann nei Infektiounsplazen entstinn. Dofir misst vill getest ginn, an et wier wichteg, datt d'Santé d'Ëmfeld vun de Leit mam Virus séier retracéiert. Et kéint een d'Gesellschaft net nach eng Kéier an e komplette Lockdown setzen. Dofir misst jiddweree sech elo un d'Hygiènesmesuren halen.

Majoritéitsparteie momentan net op enger Linn, fir d'Reegelen am private Beräich ze verschäerfen

An de leschten Deeg goufen et hei am Land jo erëm méi héich Infektiounszuelen. Eng héich Ustiechungsgefor géif et dem Minister François Bausch no ë. a. bei private Partye ginn, an d'Regierung géif un eng Verschäerfung vum Gesetz denken.

Den DP-Fraktiounschef huet sech iwwerrascht gewisen iwwer dem grénge Vize-Premier seng Fuerderung. Een neien Agrëff an d'Privatliewe vun de Leit wier problematesch, esou de Gilles Baum.

Wann eng nei Verschäerfung sech op Basis vun den Zuelen imposéiert, da soll een dat maachen, esou dogéint den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel. Och déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché ënnerstëtzt de Virstouss, erëm méi streng ze ginn fir eng "grouss Katastroph" ze evitéieren.