Radioen

On air

Tockcity  |  Sea Girls - I Want You To Know Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ François Bausch: "Rise-Moderniséierung" vu Pëtrols-Infrastrukturen

Findel

François Bausch: "Rise-Moderniséierung" vu Pëtrols-Infrastrukturen

D'Reserve-Capacitéit fir Kerosin um Findel soll däitlech vergréissert ginn. D'Regierung huet scho gréng Luucht fir dëse Projet ginn. De Minister François Bausch schwätzt vun enger "Rise-Moderniséierung", déi bal 86 Milliounen Euro soll kaschten. Wat konkret ass geplangt?

auto_stories

3 min

Symbolbild (Foto: Bigstock / Puludi)

Et gëtt konkret mam Bau vun neie Pëtrols-Infrastrukturen um Findel. Um Fluchhafe soll an den nächste Joren eng nei sougenannten "Fuel farm" entstoen, an et sollen Adaptatiounen un der NATO-Pipeline gemaach ginn. D'Bauaarbechte fir déi nei Pëtrols-Infrastrukture solle spéitstens Ufank 2024 ufänken.

Erhéijung vun der Qualitéit a Quantitéit

An der zweeter Hallschent 2025 soll déi nei "Fuel farm" um Findel fäerdeg sinn, fir déi aktuell aus de 70er Joren z'ersetzen. Dat hofft de Mobilitéits- a Bauteminister François Bausch. D'Finanzéierungsgesetz soll geschwënn an der Chamber deposéiert ginn, fir nach virum Summer gestëmmt ze ginn.

"An ech mengen och net, datt dat do ee Projet ass, dee politesch kontestéiert ass. Ech mengen et ass éischter insgesamt eng enorm Verbesserung. Ech ka mir schlecht virstellen, datt hei ee seet, ech fannen dat doten net gutt."

De Moment sinn Tanke fir de Kerosin um Findel op 8.000 Kubikmeter limitéiert.

"Mir wëllen da profitéiere fir net nëmmen dat Ganzt ze moderniséieren, d'Ëmweltstandarde vill besser ze maachen, wéi se haut sinn. Mee mir wëllen och d'Quantitéit erop setzen, op 30.000 m³."

Geplangt ass deemno bal eng Vervéierfachung vun der Späichercapacitéit um Findel. Dat fir eng Autonomie vu ronn engem Mount ze erreechen, plangt de Minister.

Méi Autonomie, manner Ofhängegkeet

De Kerosin kënnt zum groussen Deel iwwert eng NATO-Pipeline op de Lëtzebuerger Fluchhafen.

"Mir hunn zu Lëtzebuerg am Moment ganz wéineg Autonomie. Wann zum Beispill elo ee Problem wier, wéi et schonn eng Kéier geschitt ass zu Bitburg, wou d'Pipeline ënnerbrach war, da gëtt et relativ séier problematesch. Puer Deeg sinn Autonomie do. Mee da muss awer relativ séier iwwer Camionen alimentéiert ginn. An dat ass net onbedéngt dat allerbescht."

D'NATO-Pipeline war de leschte September beschiedegt ginn, a geschaten 30.000 Liter Kerosin ware bei Iechternacherbréck ausgelaf.

"Fit" fir syntheetesche Kerosin

Virgesinn ass elo, datt dës Pipeline um Fluchhafe Findel anescht soll ugeschloss ginn, erkläert de Minister François Bausch. Dës Aarbechte fir fënnef Milliounen Euro sollen iwwer de Verdeedegungsbudget finanzéiert ginn. Dat, well d'NATO-Pipeline eng militäresch Komponent ass.

"Eise Fluchhafen huet zwar elo net direkt hei militäresch Fliger stationéiert, mee mir sinn awer och een NATO-Fluchhafen, dat heescht an enger Konflikt-Situatioun, kann eise Fluchhafe benotzt ginn, fir dat Militärfliger hei kënnen opgetankt ginn."

Souwuel d'NATO-Pipeline, wéi och déi geplangten nei Tank-Lageren um Findel sollen och "fit" fir syntheetesche Kerosin gemaach ginn, erkläert de François Bausch.

"Datt dee kann do gelagert ginn, datt dee kann do getankt ginn. Well an der Aviatioun spillen déi syntheetesch Kraftstoffer eng immens wichteg Roll. Wa mir déi gären dekarboniséieren, da geet dat am Moment nëmmen iwwer déi syntheetesch Kraftstoffer."

Wien déi nei Pëtrols-Infrastrukturen um Findel wäert bedreiwen, dat soll no enger neier Ausschreiwung decidéiert ginn. D'Konzessioun vun der Entreprise Skytank ass schonn ausgelaf.