Radioen

On air

Resonanzen  |  Johann Sebastian Bach - Suite a Si bémol Mineur, BWV. 1067, VII. Badinerie - Carlo Jans (Flütt), Latvian Philharmonic Chamber Orchestra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ François Bausch: Sanktioune géint russesch Fligeren a Staatsbierger ginn ëmgesat

Aviatioun

François Bausch: Sanktioune géint russesch Fligeren a Staatsbierger ginn ëmgesat

D'Sanktiounen déi d'EU a Saache Späre vum Loftraum fir russesch Fligeren, souwéi géint eng Rei vu russeschen Oligarche geholl hunn, ginn zu Lëtzebuerg respektéiert. Dat huet de Mobilitéitsminister François Bausch op Nofro hin kloer gestallt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Mat Luxaviation a Global Jet si jo zwee grouss Operateuren am Beräich Jetleasing zu Lëtzebuerg aktiv. Si maache fir hir Clienten den Entretiens vum Fliger a bedreiwen en. D'Entreprisë sti virun zwee Challengen: Si dierfe keng Fligere vu russesche Proptriétaire méi asetzen, op der anerer Säit dierf keng Persoun mat russeschem Pass e Fliger am europäesche Loftraum leasen an asetzen. Dat géif bei Luxaviation och strikt ëmgesat ginn, sou de CEO Patrick Hansen. Seng Entreprise géif vun all Fliger de Proprietär kennen. "Mir wësse ganz genee zënter Sonndeg den Owend, wéi eng Fligere mir net méi dierfen asetzen. An déi fléien och net."

D'Responsabilitéit läit bei de Bedreiwerfirmen

En Challenge bleift dem Patrick Hansen no awer den Ëmstand, datt vill Russen zwou oder souguer dräi Nationalitéiten hunn, bei Luxaviation géif awer de russesche Pass den Ausschlag maachen.

Manner kommunikativ war ee bei Global Jet, do huet et just geheescht, dat een dat ganzt net géif kommentéieren.

D'Responsabilitéit fir hir Cliente läit bei de Bedreiwerfirmen, erkläert och den Direkter vun der Direction de l'aviation civile Pierre Jäger.

De Regulateur géif sech haaptsächlech op den Exploitant konzentréieren an un deem wier et dann och fir ze kucken, datt kee vu senge Co-Contractante géifen ënner déi genannte Sanktioune falen.

Et si keng Vollen op Moskau méi zougelooss

A kengem Fall wiere Sanktiounen ëmgaange ginn, sou de Mobilitéitsminister François Bausch. Vollen op Moskau géife guer net zougelooss ginn.

"Ech hunn elo nämlech d'Lëscht, do gesitt der schéin: Vu Global Jet, vun där Firma, déi laut Presseartikel en cause ass, datt tëscht dem 27. Februar an dem 1. Mäerz kee Vol vu Lëtzebuerg op Moskau gaangen ass."

Net zoustänneg wier een allerdéngs fir dat wat mat dëse Maschinne baussent dem EU Loftraum geschitt, sou nach de Minister Bausch.