Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ François Bausch zu Vilnius: "Och eis Grenze gi verdeedegt"

Baltesch Länner

François Bausch zu Vilnius: "Och eis Grenze gi verdeedegt"

D'Ukrain muss e fräit Land bleiwen: dowéinst misst een zesummen dru schaffen, déi russesch Aggressioun ze stoppen, esou de Vizepremier a Verdeedegungsminister zu Vilnius.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Lëtzebuerger Zaldote géifen net nëmmen hëllefen d'Grenze vu Litauen ze verdeedegen, "mee och eis Grenzen", esou de François Bausch.

"Dir sidd wierklech d'Grenz vun der Europäescher Unioun, an dat muss déi rout Linn si fir all Aggresseuren, déi déi aner Säit vun dëser Grenz sinn."

Wat d'Warnungen an der Vergaangenheet virun de russesche Geforen ugeet, wier een am Weste vun Europa ze naiv gewiescht: dat géif och fir Lëtzebuerg gëllen, huet de François Bausch selbstkritesch zouginn.

Et hätt een d'Gefor zwar ëmmer gesinn, mee et wier een nativ gewiescht, wéi ee géint dës Gefor hätt kënne virgoen. Déi baltesch Länner hätten eng Grenz an och eng Geschicht mat Russland, "Dir hutt aner Erfarunge gemaach wéi mir, mir kënnen nëmme vun Iech léieren", esou de grénge Vizepremier.

Lëtzebuergesch Presenz am Baltikum verstäerken

Et wier wichteg, datt Lëtzebuerg säi Bäitrag a Litaue leescht a solidaresch ass, a mat Zaldote present ass, esou de Lëtzebuerger Minister och nach am Kader vu senger Visitt a Litauen.

"Ech denke mir sollten eis Presenz hei an der Regioun verstäerken", esou de François Bausch haut an der litauescher Haaptstad Vilnius.

Wat genee Lëtzebuerg a Saachen Truppepresenz am Baltikum decidéiert, géif vun den Entscheedungen den nächste Mount um NATO-Sommet zu Madrid ofhänken, huet de Lëtzebuerger Verdeedegungsminister no senger Entrevue mam litauesche Verdeedegungsminister Arvydas Anušauskas erkläert. De Moment si sechs Lëtzebuerger Zaldoten zu Rukla a Litaue stationéiert.

1.800 NATO-Zaldote sinn a Litauen

De François Bausch ass der Meenung, d'Bevëlkerung am Baltikum wier "extrem frou" iwwer déi auslännesch Truppen am Land, well d'Leit hätte wierklech Angscht. D'Presenz vun NATO-Militär géif berouegen, och wa keng imminent Gefor do wier, "well déi, déi d'Gefor kéinten duerstellen, de Moment op enger aner Plaz leider beschäftegt sinn".

A Litaue sinn an Tëschenzäit ronn 1.800 Zaldoten aus verschiddenen NATO-Memberstaate stationéiert: si sollen eng Ofschreckung duerstellen an am Noutfall déi sougenannten Ostflank vun der nordatlantescher Militärallianz verdeedegen.