Turkish Airlines Lëtzebuerg huet dem radio 100,7 de Moien op Nofro hi gesot, d'Verhandlunge iwwer de Vol-Lëtzebuerg-New York wieren eriwwer, an de Projet géif näischt ginn.
D'lescht Joer gouf mat der tierkescher Airline verhandelt, fir op hirem Vol vun Istanbul op New York een Tëschestopp zu Lëtzebuerg ze maachen. Wéi d'Lëtzebuerger Wort gemellt hat, goufen déi Diskussiounen awer Enn 2016 gestoppt. Lo also wier de Projet endgülteg gestuerwen, sou Turkish Airlines Lëtzebuerg géintiwwer dem radio 100,7.
Den zoustännegen Infrastrukturminister François Bausch sot de Moien nach – och eisem Sender – datt d'Diskussioune fir eng direkt Fluchverbindung tëscht Lëtzebuerg an New York nach ëmmer am gaange wieren.
Luxairport: keng konkret Informatiounen
Wéi eng Airline fir dëse Vol elo a Fro kéim wier nach net kloer, heescht et op Nofro hinn am Infrastruktuministère. Och Luxairport hätt nach keng konkret Informatiounen, esou hiren den Directeur commercial, René Steinhaus. "Mir hunn nach keen esou ee Vol an eisem Plang an et ass och keen un eis erugetrueden fir esou ee Vol ze fléien".
Mëttelfristeg, esou de René Steinhaus, géif et awer Perspektive fir en direkte Fluch vu Lëtzebuerg op New York ginn. Airbus wier am gaangen ee Fliger ze bauen, dee sech besonnesch gutt géif eegent, fir vum Findel an d'USA ze fléien. Doriwwer eraus wiere vill Passagéier dorun intresséiert, éischter vu Lëtzebuerg an d'USA ze fléien, wéi vu Paräis oder London aus. Dat wéinst de "kuerze Weeër". Dem René Steinhaus no géif et awer op d'mannst nach dräi Joer daueren, bis esou e Fluch realisabel wier.
Amerikanesch Douane op Lëtzebuerger Buedem
De François Bausch huet dobäi och preziséiert, datt et am einfachste wier, wann d'Passagéier schonn zu Lëtzebuerg kéinten duerch déi amerikanesch Douane goen – sou wéi dat och zu Dublin zum Beispill de Fall ass. "Déi amerikanesch Autoritéite waren och schonn op Lëtzebuerg kucke komm, de Lëtzebuerger Staat wier och bereet de Finanzement dovun ze droen, doru soll et net scheiteren", sou de Minister zu Washington.
Hie géif et als "immensen Atout" gesinn, "in-bound" vu Lëtzebuerg an d'USA kënnen ze fléien. Dat wier virun allem fir de Business-Beräich ee "Riisevirdeel".
Uber, mee och Lëtzebuerger Know-How
De Lëtzebuerger Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister war fir eng Konferenz iwwer Mobilitéit, den ëffentlechen Transport, an de Klimawandel an déi amerikanesch Haaptstad gereest. D'Digitaliséierung vun der Mobilitéit huet de Minister hei besonnesch interesséiert, an domat verbonnen d'Méiglechkeet, méi Car-sharing oder Car-pooling zu Lëtzebuerg ze gesinn.
Hie wier ganz "optimistesch", datt nieft Acteure wéi Uber oder och Lyft, och Lëtzebuerger Projete sech un deem Thema kéinte bedeelegen. "Mir dierfen net nëmmen drop waarden, datt Firme bei eis kommen, mee och kucken, wéi mer zu Lëtzebuerg Start-Upe kënnen entwéckelen". Lëtzebuerg wäert säin eegene Projet fir de Carsharing dëst Joer virstellen.
"Zopp net sou waarm giess, wéi se gekacht gëtt"
Mat Membere vun der zukünfteger Trump-Regierung gouf et fir de Lëtzebuerger Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister keng Gespréicher, mee dat soll sech spéitstens nächst Joer änneren. Een Thema soll dann do, zum Beispill, Cargolux sinn.
"Mir hunn do Suerge wéinst protektionisteschen Approchen, déi op d'mannst verbal ausgedréckt gi vum President, deen hei d'nächst Woch vereedegt gëtt", sou de François Bausch. Sou Aussoe wiere fir d'Cargolux problematesch, do misst een "alles maachen, fir datt dat net antrëtt". De François Bausch huet am Interview och net verstoppt, datt hie besuergt ass iwwer déi zukünfteg amerikanesch Ëmweltpolitik. Zu de ville Versprieche vum Donald Trump seet de François Bausch awer, "datt d'Zopp net esou waarm giess gëtt, wéi se gekacht gouf".