Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fränk Arndt: "Beim Logement muss een d'Kand mam Numm nennen"

Invité vum Dag

Fränk Arndt: "Beim Logement muss een d'Kand mam Numm nennen"

Den LSAP Deputéierte Fränk Arndt kandidéiert net méi fir d'Chamberwahlen, fir sech als Wëltzer Buergermeeschter op d'Entwécklung vum Quartier "Wunne mat der Wooltz" ze konzentréieren. Bis 2030 sollen do Wunnengen entstoe fir 2500 Awunner. D'Wunnengsnout muss mat konkrete Moossnamen ugepaakt ginn, an et muss géint d'Spekulatioun gehandelt ginn, seet den LSAP-Deputéierte a Wëltzer Buergermeeschter Fränk Arndt,

auto_stories

3 min

Datt verschidde Parteien wéi d'CSV oder d'DP zécken, fir d'Proprietéitsrecht an deem Kontext anzeschränken, kritiséiert de Fränk Arndt. Derbäi kéim datt eng Partei wéi d'CSV eréischt am Hierscht hire Wahlprogramm wëllt presentéieren. Eng Debatt ass ënnert deene Konditiounen net méiglech. Da bleift nach ee Mount Zäit fir iwwert d'Wahlprogrammer vun de Parteien ze debattéieren.

D'Duebelmandater sinn net sënnvoll

Den LSAP Deputéierte Fränk Arndt kandidéiert net méi fir d'Chamberwahlen, fir sech kënnen als Wëltzer Buergermeeschter op d'Entwécklung vum Quartier "Wunne mat der Wooltz" ze konzentréieren. Hien ass och der Meenung datt dee Cumul vun den Mandater vun Deputéierten a Buergermeeschter net sënnvoll ass.

"Wunne mat der Wooltz"

Bis 2030 sollen do Wunnengen fir 2500 Awunner entstoen. D'Konzept vum ganze Quartier gouf zesumme mam Fonds du Logement ausgeschafft. Den Terrain op deem gebaut gëtt, ass dee vun der fréierer Liederfabrick Ideal. Dono gouf d'Gebai vun Tarket an Eurofloor genotzt. Aus deem Grond gëtt den Terrain zum Deel versigelt. Op verschidde Plazen gëtt de Buedem ofgedroen an duerch neie Buedem ersat. D'Wooltz gëtt gréisstendeels renaturéiert.

Autofräi Stroossen

D'Stroosse sollen fir d'Kanner an den Awunner prioritär genotzt ginn. D'Awunner dierfen mat hirem Auto bis bei d'Wunneng fuere fir of ze lueden, mee dono kënnt den Auto op ee Parking deen tëscht 100 an 150 Meter vun der Wunneng ewech ass.

D'Zil wier et, esou de Fränk Arndt, datt d'Leit op den Auto verzichten. Dowéinst ass den Zougang zum ëffentlechen Transport duerch den Zuch an de Bus verbessert ginn. Weider wëllt Wooltz ee Car-Sharing System am Quartier ubidden.

Kreeslafwirtschaft fir Gebaier an Servicer

De Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft spillt eng grouss Roll. Déi ëffentlech Infrastrukturen an d'Wunnengen gi mat Materialien gebaut déi ee spéiderhi kann erëm ofbauen fir se bei neie Projeten nees an ze setzen.

Weider sollen am Quartier Servicer entstoen bei deenen een zum Beispill kann Handwierksgeschir lounen. Et géif kee Sënn erginn, datt all Stot zum Beispill seng eege Buermaschinn huet, déi nëmmen zwee Mol am Joer genotzt gëtt. Geplangt sinn och Gemeinschaftsgäert, déi d'Kontakter tëscht den Awunner solle fërderen.

Äisbunker fir d'Hëtzt an d'Stroumproduktioun

Am Quartier "Wunne mat der Wooltz" ginn alternativ Energieproduktiounstechniken agesat. D'Technik vum Äisbunker gouf et scho fréier fir eenzel Gebaier. Geplangt ass elo eng méi grouss Anlag. Eng Zetär, gëtt mat Sole gefëllt, enger Flëssegkeet déi méi ee niddrege Gefréierpunkt huet wéi d'Waasser. Iwwer d'Wärmetauschtechnik kann een aus der Keelt Energie produzéieren. Mat enger Zetär vun zéng Kubikmeter kéint een 110 Liter Mazout pro Joer aspueren, ënnersträicht de Fränk Arndt.