Radioen

On air

Notturno  |  Kuston Beater - Vata Pitta

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frank Engel: "Alles op den Dësch bréngen"

Déi (nei) CSV-Positioun am Dossier Verfassung

Frank Engel: "Alles op den Dësch bréngen"

D'CSV huet am Dossier Verfassung eng Kéier geholl, an d'Majoritéit domat - wéi et ausgesäit - um falsche Fouss erwëscht. Fir déi nei Constitutioun duerchzekréien, sinn DP, LSAP an déi gréng awer op déi gréisst Oppositiouns-Partei ugewisen. Wéi geet et elo virun? De President vun der Verfassungskommissioun an der Chamber, den Alex Bodry, huet d'CSV opgefuerdert, hir Positioun bis déi drëtt Woch September nach eemol ze iwwerdenken. Dat wäert déi awer net maachen, do ass den CSV-President Frank Engel ganz däitlech: déi Positioun wier vun alle Parteigremien ofgeseent. Muss een dat als en Ultimatum un d'Majoritéitsparteie verstoen, wéi den Alex Bodry mengt?

auto_stories

4 min

Den CSV-Parteipresident Frank Engel

Frank Engel: Dat ass keen Ultimatum, well et geet jo net drëms, datt mir terminal eppes afuerderen. Éier mir déi dote Positioun adoptéiert an arrêtéiert hunn, hu mir och probéiert fir mat aneren Acteure vun der Verfassungsprozedur an d'Gespréich ze kommen, fir ze soen: "Mir kéinten eis besser virstellen, datt mir et géifen op déi dote Fassong maachen." Zu där Zäit war d'Gespréichsbereetschaft bei eenzelen - déi ech net wëll mam Numm nennen - wesentlech méi kleng, wéi bei aneren. Mir sinn an dat Gespréich do net komm an iergendwann muss ee soen: "Eis Positioun ass déi hei, an déi Positioun di mir lo kund." Mir géife gäre gären net nëmmen de Leit eng Geschicht iwwer d'Verfassung zielen, mir géifen déi Verfassung gäre mat de Leit zesummen elaboréieren.

Maurice Molitor: Dat soll op sougenannte Consultatiouns-Reunioune geschéien, wou d'Leit sech solle kënnen abréngen. Geet et do drëm fir déi Froen erauszefilteren, déi dann an de Referende gestallt ginn?

Dorëms geet et eigentlech. Mir sinn der Meenung, datt wann ee mat de Leit iwwer d'Verfassung schwätzt, sech wäerte Sujete fannen, déi d'Leit méi interesséiere wéi anerer, respektiv zu deene si eng Meenung wëllen artikuléieren, déi sech dann och an der Verfassung sollen erëmfannen. Dowéinst ergëtt sech déi definitiv Froelëscht tatsächlech aus der Consultatioun.

A sou Versammlunge kommen erfarungsgeméis awer net ganz vill Leit an déi Leit déi kommen, sinn dacks vun Organisatiounen oder Associatioune mat engem ganz prezisen Uleies. Wat mécht dee Prozess da méi demokratesch?

Mir mengen, datt et demokratesch gesinn net schrecklech vill Plus-value huet, wann ee seet "Hei sinn 130 Artikele rengen Droit an dozou kënnt dir elo jo soen, oder dir kënnt nee soen, awer näischt dotëscht". Dat ass keng Plus-value, well doduerch gëtt den Text jo net besser. Dat ass eng Form vu Consultatioun vun där mir der Meenung sinn, datt se net alles bréngt. Dir sot zu Recht, datt op déi Veranstaltunge Leit kommen, déi e bestëmmt Uleies hunn. Mee et gëtt jo awer während der Campagne eng gesellschaftlech Artikulatioun, et gëtt sozial Medien. An ech gi staark dovun aus, datt d'Leit sech während där Phas op allméiglech Kanäl wäerten artikuléieren, iwwer dat, wat si gären an der Verfassung hätten a wat net. Alles dat gëllt et, och jenseits vun de physesche Veranstaltungen, mat an dee Prozess opzehuelen.

Eng Fro wäert awer bleiwen: Wéi erkläert dir de Leit, déi Sympathie fir är Demarche hunn, firwat d'CSV dat alles bis de leschte Juni nach anescht gesinn huet?

Mir hunn dat am Fong jo all anescht gesinn. Mir sinn iergendwéini eng Kéier iwwerenee komm, datt de Verfassungsrevisiounsprozess iwwer e Referendum soll zum Ofschloss bruecht ginn. Mir hunn eis an de leschte Wochen a Méint, och opgrond vun engem Bréif vum Staatsminister, deen hien Ufank Februar un d'Fraktioune geschéckt huet, fir se zum Wahlsystem ze consultéieren, gesot, datt de Prozess am Fong net fäerdeg ass. Wa mir wëllen iwwer de Wahlsystem schwätzen, da musse mir déi Elementer, déi vun der Verfassung gereegelt sinn, iwwer d'Verfassung änneren. Dat kënne mir jo net op Basis vun engem einfache Gesetz maachen. Also ass de Prozess net ofgeschloss.

A wann en net ofgeschloss ass, sollte mir och net sou maache wéi wann. A wann en net ofgeschloss ass, da brénge mir elo w.e.g alles op den Dësch, wat een nach alles ka wëllen op den Dësch bréngen a mir engagéieren eis an e veritabelen Dialog an eng Interaktioun mat de Bierger, wou déi och d'Méiglechkeet hunn, fir déi lescht Touchen un der Verfassung selwer ze setzen. Et ass eng Weiderentwécklung vun der Form vun der Volleksparticipatioun um Verfassungsgebungsprozess. Mir haten eis dat mat aneren zesummen eng Zäit laang virgestallt, a Form vun engem verflichtende Referendum, deen en zweete Parlamentsvott ersetzt. Mee dat ass dommerweis awer just déi eng Fro "Jo oder nee zu allem". A mir mengen, "après réflexion", datt et fir de Verfassungsprozess a fir d'gesellschaftlech Kohärenz besser wier, wann d'Bierger vum Land d'Impressioun hunn, datt se op eng effikass Manéier un dësem wichtege Gesetz participéieren.