Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. - Fleurs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frank Engel fënnt Kritik "surreal"

CSV-Parteipresidence

Frank Engel fënnt Kritik "surreal"

Nodeems de Frank Engel seng Kandidatur fir déi eege Successioun als CSV-Parteipresident gestallt huet, gouf et Kritik u senger medialer Sortie. Mee och dat seng Persoun an der Kritik steet kann de Frank Engel net novollzéien, ëmmerhin hätt hien de Poste just well aner Leit bei de leschte Wale Feeler gemaach hätten. Et wier deemno surrealistesch him d'Schold um schlechten Zoustand vun der Partei ze ginn.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv.

Lauschtert de Bäitrag heiplay_arrow


2023 kéint fir d'CSV zum Schicksalsjoer ginn. Mat Gemengen a Chamberwale sti zwee grouss Challengen un, déi iwwer d'Zukunft vun der viru Joren emol staatsdroender Vollekspartei entscheeden. Virdru steet awer de 24. Abrëll ee Kongress un, op deem e Parteipresident gewielt gëtt.

Onverständnis fir d'Kritik

Schwätzt ee mat de politesch aktive Parteimemberen, da gëtt wéinst sengen diverse mediale Sortië kaum e gutt Hoer um aktuelle Parteipresident gelooss. Säi Manifest, dat hie virun zwee Deeg verëffentlecht huet, wier en verzweiwelten Hëllefsruff fir Gehéier ze kréien. Op d'Kritik aus den eegene Reie reagéiert de Frank Engel mat Onverständnis:

"Hätt d'Partei 2018 déi Wal, déi se eigentlech hätt misse wannen an déi eigentlech guer net ze verléiere war, gewonnen, da wier ech net Parteipresident an ech hätt iwwerhaapt net als Parteipresident kandidéiert. Ech hunn dat gemaach well anerer eppes net fäerdeg bruecht hunn. An haut wëllen deen, deen eenzegen, deen net fir d'historesch Defaite 2018 verantwortlech ass, dofir verantwortlech ze maachen, datt d'Partei Schwieregkeeten huet, dat halen ech fir e bësse surreal."

Och d'Kritik vum Marc Spautz, datt dat programmatescht Dokument hätt missen duerch d'Gremien, weist de Frank Engel zréck. Als Parteipresident wier hien duerchaus legitiméiert seng Iddien a Virschléi zur Debatt ze stellen.

Ausriichtung vun der CSV an der Zukunft

Eens schéngt en sech an der CSV awer virun allem doranner ze sinn, datt et esou net ka weidergoen. Verschiddener schwätze souguer oppe vum Risiko vun engem Opsplécken, wann déi nächst Wale sollte schif goen. An den aktuelle Präsident géif déi Situatioun net verbesseren:

"Wann all Berechnung gemaach ass a wann all Mënsch sech souwäit ofgeschnuppert huet dat e mengt e wier sou wäit dat e kinnt säin Hutt an de Rank geheie fir hallefwegs sécher ze sinn, fir gewielt ze ginn, da kann dat goen. Ech héieren zënter engem Joer, datt ech muss fort an ech héieren zënter engem Joer, datt et wäert Géigekandidate ginn. Ech hunn zënter engem Joer kee Numm héieren."

Trotzdeem ginn et Stëmmen, déi sech e staarke Mann oder eng staark Fra un d'Spëtzt vun der Partei wënschen: déi Persoun misst d'Partei bis an déi hënnescht Ecke kennen a staark genuch si fir déi eenzel Stréimungen ze verbannen. Datt et déi Stréimunge ginn, huet de Marc Spautz hei op der Antenne fir d'éischte Kéier oppen zou ginn

Geduecht gëtt och, op d'mannst iwwergangsweis bis zu den nächste Walen, un en Team mat enger charismatescher Persoun, engem Parteikenner an engem Nowuesstalent. Wonschkandidat vu villen aus den eegene Reien ass dobäi de Claude Wiseler. Mee nach huet kee sech aus de Reserve lackele gelooss.