arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frank Engel trëtt aus der CSV aus

NATIONAL POLITIK

|
reading time

2 min

Frank Engel trëtt aus der CSV aus

De Frank Engel ass vun haut un net méi Member vun der CSV: de 45 Joer ale Parteipresident vu bis elo, huet seng Partei-Memberschaft no 26 Joer opginn. Dat huet hien de Moien op Facebook offiziell matgedeelt.

reading time

2 min

D'Partei-Exekutiv hätt ouni Argument ënnerbonnen, datt hien de Partei-Memberen nach e Message zoukomme léist, huet de Frank Engel eis gesot. Dëse Refus géif erkläre firwat hien net kéint a wéilt an der CSV bleiwen.

De Prozess fir eng nei Partei ze grënne géif elo ulafen, hat de Frank Engel eis gëschter gesot: hie wier awer net presséiert dat ze maachen, et misst anstänneg virbereet ginn.

No enger Zäsur kéim ëmmer déi nächst spannend Erausfuerderung, heescht et haut a sengem Facebook-Message.

De Generalsekretär faisant fonction Paul Galles seet, hie géif bedaueren, datt de Frank Engel net méi CSV-Member ass.

Säi Mandat als CSV-President hat de Frank Engel zënter dem 19. Mäerz roue gelooss. Deen Dag hat de Parquet matgedeelt, datt eng Enquête préliminaire a Relatioun mam Frank Engel sengem Aarbechtsvertrag mat der ASBL "CSV Frëndeskrees" opgemaach gi war: eng Enquête préliminaire, déi nach ëmmer am gaangen ass, wéi et haut op Nofro vun der Justiz geheescht huet.

Um CSV-Nationalkongress muer um Samschdeg soll de Claude Wiseler als neie CSV-President gewielt ginn.

De Frank Engel ass e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer eisen Invité an eiser Emissioun Riicht Eraus.