Radioen

On air

Notturno  |  The Cookie Jar Complot - Neo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frank Thillen

Gemengepolitik

Frank Thillen

D'Nordstad ass och no zéng Joer Masterplang nach keng konkret Realitéit. Dat geet ervir aus dem Gespréich mam President vun der Denkfabrik Nordstad, dem Fränk Thillen. Trotz enger interkommunaler Plattform a vereenzelte Projeten, géing et u politeschem Engagement feelen, fir datt déi sechs Gemenge méi zesummewuessen.

auto_stories

2 min

D'Nordstad ëmfaasst d'Gemenge Bettenduerf, Kolmer-Bierg, Dikrech, Ierpeldeng, Ettelbréck a Schieren.

Eng interkommunal Plattform

2006 war fir den Zäitraum 2006-2014 déi éischt Konventioun fir déi interkommunal Plattform Nordstad ënnerschriwwe ginn. Déi zweet Konventioun tëscht Regierung a Gemenge leeft bis 2019. Finanziell bedeit dat 1.000.000 Euro op fënnef Joer.

"D'Nordstad ass eng Realitéit, wann een an Theater oder Klinik geet, et beweegt ee sech hin an hier tëscht dësen Uertschaften. Et kann een net soen: 'Ech wunnen zu Dikrech, also sinn ech en Dikrecher'. Natierlech ass een en Dikrecher, mä et lieft een an der Nordstad," seet de Frank Thillen.

Et géing net drëm goen, fir Uertschaften ofzeschafen, mä datt ee sech zousätzlech bewosst géing ginn, datt een an der Nordstad ënnerwee wär. Dofir bräicht een e Konzept. Grondlag ass de Masterplang vun 2008. Et wär un de Gemengen, deen z'exekutéieren.

D'Nordstad läit net am Norden

Geografesch wär dat richteg, mä et misst een awer a Betruecht zeien, wéi d'Populatioun am Land verdeelt wier. An deem Fall géing de Schwéierpunkt vun der Nordstad "ganz kräfteg südlech" leien, erkläert de Frank Thillen. D'Nordstad wär déi gréisst Agglomeratioun fir den Norden. Dofir géing den Numm och passen.

"Et ass e Fakt, datt d'Nordstad méi lues wiisst, wéi déi Gemenge ronderëm. Well déi Gemengen awer ze kleng sinn, fir alles unzebidden, och un Aarbechtsplazen, gëtt enorm vill gependelt. Wa mir déi Satellitte viru wuessen doen, da gëtt dee Problem onléisbar." Dofir wär et wichteg, datt et een zentralen Uert gëtt, wou Leit wunnen a schaffen. Fir de Frank Thillen ass dat ronderëm d'Ballungsgebitt Ettelbréck-Dikrech.

Méi politeschen Drift

Den Ausbau vun der interkommunaler Zesummenaarbecht tëscht de sechs Gemengen am Groussraum Ettelbréck-Dikrech géing dacks dru scheiteren, datt déi kommunal Politiker d'Iddi net virundreiwen, fënnt de Frank Thillen. Hie war an der Vergaangenheet selwer als grénge Politiker am Schäfferot vun Dikrech.

"Et geet net virun, well et net virugedriwwe gëtt. Et hänkt ëmmer vum eenzele Gemengepolitiker am Comité politique vun der Nordstad of, op deem senger Meenung no e Projet éischter lokal oder op Nordstad-Niveau duerchgezu gëtt." De Problem vun der Plattform Nordstad wär och, datt am Comité politique just Schäfferéit vun de sechs Gemenge vertruede sinn an net d'Oppositioun.

Fir d'Nordstad virunzedreiwen, misst kuerzfristeg e Gemengesyndikat gegrënnt ginn. Dem Fränk Thillen no war eigentlech geplangt, datt dat nach virun de Gemengewahle geschitt. Laangfristeg geet de Fränk Thillen vun enger Fusioun vu enger Rei Nordstad-Gemengen aus.