Radioen

On air

De Moien  |  The Lemon Twigs - How Can I Love Her More?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich: Emmanuel Macron bleift President

Frankräich

Frankräich: Emmanuel Macron bleift President

Den Emmanuel Macron bleift franséische Staatspresident. Am zweeten Tour vun de Presidentewale krut de President vun de leschte fënnef Joer gëscht 58,5 Prozent vun de Stëmmen, d'Marine Le Pen vum rietsextreme Rassemblement National krut 41,4 Prozent - sou déi virleefeg offiziell Resultater.

auto_stories

3 min

D'Abstentioun louch bei ronn 28 Prozent - den héchsten Taux zanter 1969.

Emmanuel Macron: "eng nei Ära"

A senger Ried fir d'Walvictoire sot den Emmanuel Macron, hie wéilt d'Divisiounen an Differenzen ugoe fir Frankräich méi sozial gerecht a méi ëmweltfrëndlech ze maachen.

Déi nächst fënnef Joer wieren net einfach eng Kontinuitéit, mee "eng nei Ära". Hie wéilt keen op der Streck loossen.

Den Emmanuel Macron ass den éischte Staatspresident zanter 20 Joer, dee fir en zweet Mandat erëmgewielt gouf.

Bescht Resultat jeemools fir Marine Le Pen a Rassemblement National

D'Marine Le Pen huet trotz hirer Néierlag vun enger "eklatanter Victoire" geschwat. Si huet hiert Resultat däitlech verbessert par Rapport zu 2017, fir de Rassemblement National ass et dat bescht Resultat jeemools.

De Walkampf geet no dëse Presidentewalen direkt weider: An zwee Méint si Parlamentswalen a Frankräich.

No der Annonce vum Resultat gouf et gëschter Owend Protester an e puer franséische Stied. Zu Lyon hätt et Zesummestéiss tëscht lénke Gruppen, Gillets-Jaunes an der Police ginn, sou franséisch Medien.

Reaktiounen: Victoire vu Macron och "Victoire fir Europa"

De Xavier Bettel war ee vu villen internationale Politiker, déi dem Emmanuel Macron gëscht Owend felicitéiert hunn. Hie wier frou kënne mam Emmanuel Macron weider ze schaffen, esou de Premier.

Den däitsche Kanzler Olaf Scholz huet dem Macron gratuléiert an op Twitter geschriwwen, seng Wielerinnen a Wieler hätten duerch d'Ënnerstëtzung vum Emmanuel Macron e staarkt Bekenntnis zu Europa signaliséiert.

Den italienescher Premier Mario Draghi huet geschriwwen, dem Macron seng Victoire wier groussaarteg Neiegkeete fir Europa. De Belsche Premier Alexander de Croo huet dem Macron seng Re-Elektioun als Victoire géint de Rietsextremismus qualifizéiert.

Felicitatioune koumen och aus London: de brittesche Premier Boris Johnson sot, hie géif sech freeë weider mam Emmanuel Macron kënnen zesummen ze schaffen.

Och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet dem Emmanuel Macron gratuléiert. An engem Tweet huet de Selenskyj de Macron als gudde Frënd bezeechent. Hie géif d'Ënnerstëtzung vu Frankräich fir d'Ukrain zanter der russescher Invasioun appreciéieren, sou den ukrainesche President.