Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frans Timmermans: "La Commission veillera à l'exécution correcte des projets"

EUROPA-INTERVIEW

Frans Timmermans: "La Commission veillera à l'exécution correcte des projets"

Wéi gréng ass de "Green Deal" vun der EU-Kommissioun. A wat kascht dono deen ambitiéise Projet? De Frans Timmermans, den EU-Kommissär, dee fir de "Green Deal" zoustänneg ass, stoung Journalisten aus dem Radios-Réseau Euranet Plus, zu deem och den 100,7 gehéiert, Ried an Äntwert.

auto_stories

4 min

Dorun, datt de Klimawandel opzehalen ass an d'Zil, datt d'Temperatur net ëm méi ewéi annerhalleft Grad klëmmt, effektiv erreecht ka ginn, doru gleeft de Frans Timmermans.

Fir konkret bis 2030 d'Emissiounen net wéi ursprénglech geplangt ëm 40 mee elo em 55 Prozent ze reduzéieren, muss allerdéngs d'Politik a verschiddene Beräicher änneren.

"Aller plus vite dans la transition énergétique. Avoir des normes plus strictes pour les émissions des voitures, réduire la consommation énergétique des maisons et des bâtiments. Aller vers un système ETS, un système d'échange des quotas énergéetiques...peut être même élargi ce système aux transports et aux bâtiments. De cette facon, on peut arriver à moins 55%. C'est un enjeu incroyable. En fait, le moins 55%, on l'a mis dans une loi, on a l'obligation d'y arriver."
Fir dat ze erreechen, proposéiert d'Kommissioun nei Mesuren. De 14. Juli soll do ee ganze Pak vu Gesetzer presentéiert ginn.

Keng Propose fir een Enn vu Bensin- oder Diesel-Autoen

De Frans Timmermans, ee ganz experimentéierte Politiker a fréieren Diplomat, weess, wéi ee kriddelege Froen aus dem Wee geet.

Op déi konkret Fro, ob dann elo bei den Autoe Bensinner oder Diesele solle verbuede ginn, pocht den hollännesche Sozialdemokrat drop, datt déi nei Reegelen egal wéi, fir jidderee mussen ze packe sinn.

"Il faut créer un marché pour les voitures électriques qui coutent moins. Il faut les rendre accessible à tout le monde. Parce que dans certaines régions, les gens n'ont pas le choix. Il faut augmenter, bien sûr, les transports en commun. Mais pour une certaine période, il faut aussi accepter le fait que les gens auront besoin de leur voiture. Et donc, la réglementation doit aider l'industrie d'aller vers des voitures sans émissions. Mais en même temps, la réglementation doit aussi aider le remplacement de voitures les plus polluantes par des voitures moins polluantes."
Ee konkreten Datum, vu wéini un just nach elektresch Autoen doruechter fueren dierfen, huet den EU-Kommissär net genannt. Et gëtt op alle Fall weider op d'Kooperatioun vun der Industrie gesat.

Wandel an der Automobilindustrie

Egal wéi mussen d'Emissiounen am Transportsecteur erofgoen. D'Kommissioun huet wëlles an deem Secteur a fir d'Gebaier ee System vun Emissiounshandel anzeféieren a souzesoen een CO2-Präis fir Bensin, Diesel oder Mazout aféieren. Eng Iddi, déi ënner anerem der Automobilindustrie entgéint kënnt, well si sou eventuell nach méi héije Standarde fir d'Emissiounen aus dem Wee goe kann. Kritt d'Kommissioun den Drock vun der Automobilindustrie hei ze spieren, wa si nei Gesetzer ausschafft? Och hei eng diplomatesch Äntwert vum EU-Kommissär fir de Green Deal:
"Tous ceux qui ont un intérêt nous approchent avec leurs positions. C'est mon boulot de les recevoir, de parler avec eux. Mais je dois dire que dans l'automobile, il y a eu du changement, ils ont tourné un cap, ils disent maintenant: On voit qu'on aura besoin de voitures électriques."
Ganz wichteg am Kampf géint de Klimawandel sinn an den Ae vun der EU-Kommissioun déi national Plan de Relancen. Fir EU-Suen ze kréien, hunn déi Pläng misse 37 Prozent vun de Fonge fir de Klimaschutz virgesinn.

Gefor vu "Greenwashing" ass do

D'Kommissioun hat een intensiven Echange mat de Länner, a wier zefridde mam Resultat, sou de Frans Timmermans.
Elo geet et em d'Ëmsetzung. An do géif et duerchaus d'Gefor vum "Greenwashing".
"La Commission veillera étroitement à une exécution correcte des projets. Nous avons clairement cette responsabilité. Car il y a des doutes dans certains états membres, si les projets correspondent à ce qu'on veut atteindre. Donc on a une grande responsabilité, on le ressent en tant que Commission Européenne, d'assurer l'application correcte des projets qui nous ont été soumis."
De Frans Timmermans ass iwwregens selwer berufflech mat engem elektreschen Auto ënnerwee. Privat, dat huet hie ganz um Schluss vum Interview nach zouginn, fiert hie mat enger "vieille Diesel, qu'on doit vendre".