A Frankräich ass d'Publikatioun vun esou Sondagë verbuede bis d'Wahlbüroen zou sinn, fir keen Afloss op de Choix vun de Wieler ze huelen. Scho bei de leschte Presidentiellen 2012 hate Medien am Ausland decidéiert, sech net un déi Virgab ze halen.
De radio 100,7 huet mat der Publikatioun vun den Informatioune bis 19 Auer gewaart, wéi d'Wahlbüroen zu Lëtzebuerg zougemaach hunn.
Eegenen Angaben no krut d'RTBF deemno Accès op d'Resultater vu verschidenne Sondagen, déi bei der Sortie vun de Wieler aus den Urnen duerch gefouert gouf.
Deemno hätten déi véier Favoritte bei dëse Presidentiellen dës Resultater:
- Emmanuel Macron (En Marche): 24 Prozent
- Marine Le Pen (Front National): Tëscht 18 an 20 Prozent
- François Fillon (Les Républicains): Tëscht 18 an 20 Prozent
- Jean-Luc Mélenchon (La France Insoumise): Tëscht 18 an 20 Prozent
D'Resultater vun den anere siwe Kandidaten nennt d'RTBF net.
Wahlbedeelegung
47 Millioune Fransouse sinn opgeruff hire Bulletin ofginn. Zanter aacht Auer de Moien hu 66.000 Walbüroen uechter Frankräich hir Dieren op, dat bis 19 Auer den Owend, a groussen Stied esou guer bis 20 Auer.
D'Participatioun bei de Wahle gëtt op 77 Prozent geschat. Mat 23 Prozent géif d'Abstentioun deemno iwwert dem Taux vun 20,52 Prozent am éischten Tour vun de Presidentiellen 2012 leien.