De Franz Fayot ka sech virstellen, den Etienne Schneider an der Regierung ze ersetzen. Dat wier en "Challenge", deen hien natierlech géif interesséieren, esou den LSAP-President.
"Wann ee Politik mécht, an et huet een d'Chance an d'Chamber gewielt ze ginn, dann ass et kloer: Wann een eng d'Chance kritt op e Ministerposten, wou een nach eng Kéier ganz aner Gestaltungsméiglechkeeten huet wéi als Deputéierten - da mécht een dat och. Dat huet mat Verantwortung ze dinn, an domat, datt ee sech net zitt virun esou engem Mandat, wann een déi Opportunitéit dann eng Kéier kritt."
De Franz Fayot betount, d'Partei misst schlussendlech awer gemeinsam decidéieren, wie Minister gëtt. Et géif sech nämlech och ëm e strategesche Choix handelen: Ouni den Etienne Schneider bräicht d'LSAP am Zentrum en neit "Zuchpäerd" fir déi nächst Wahlen.
De Marc Angel ass och interesséiert
Nieft dem Franz Fayot kann och den zukünftegen Europadeputéierte Marc Angel sech virstellen an d'Regierung nozeréckelen, obwuel hien am Dezember soll Europadeputéierte ginn. Ass dat gutt fir d'Glafwierdegkeet vun der Partei?
"Wann een eng Europacampagne mécht, an et ass een e motivéierten, an iwwerzeegten Europäer wéi de Marc Angel dat ass - dat huet hie bewisen iwwer laang Joren, als President vun der aussepolitescher Kommissioun an der Chamber. An et huet een e kloert Bekenntnis gemaach, zu dem Mandat am Europaparlament. Dann ass et natierlech net evident, fir dann no e puer Méint zeréck op Lëtzebuerg ze kommen."