Et wéilt ee bis Ufank September ofwaarden, bis de Statec nei Berechnunge gemaach huet. D'Chiffere vun der Präisdeierecht am Beräich vun der Energie wieren den Ament ganz volatil, betount de Wirtschaftsminister Franz Fayot.
Confirméiert sech déi weider Indextranche, da misst een dann den Datum fixéieren fir déi nächsten Tripartite.
Op d'Fro wéi hie sech géif positionéieren, am Fall vun enger weiderer Indextranche, sot de Franz Fayot, hie wéilt der Diskussioun déi een an der Tripartite sollt hunn net virgräifen - dofir géing een eng Tripartite maachen:
"Ech mengen dee Prinzip dee mir haten an deem éischten Accord, fir de Kafkraaftverloscht opzefänken. Virun allem bei deenen Stéit déi virun allem ënnert där Präisdeierecht do leiden engersäits, an anerersäits fir och d'Betriber net ze vill ze belaaschten an enger Situatioun déi sech och net verbessert huet, säit Ufank des Joers, datt déi Prinzippien nach ëmmer valabel sinn. Do ronderëm musse mei kucken, wéi eng Léisunge mir fannen, mee dat gëtt eben den Objet vun där Tripartite, vun där Diskussioun déi mir da mussen am Hierscht hunn."