Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Three Sisters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Freedefeier sinn an de meeschte Gemenge verbueden

Silvester

Freedefeier sinn an de meeschte Gemenge verbueden

Déi meescht Gemengen am Land verbidden d'Zünde vu Rakéiten a Wicken an der Silvesternuecht. Vereenzelt Gemengen hunn awer dëst Joer eng Erlabnis fir d'Freedefeier verdeelt. Do wäert et legal knuppen a blëtzen. Wann een dobäi awer vun der Police an enger Gemeng erwëscht gëtt, wou et verbueden ass, kann ee mat enger Geldstrof vun 145 Euro rechnen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


E puer Gemengen hunn ausdrécklech d'Benotze kuerz viru Mëtternuecht bis dono erlaabt.

Freedefeier ass an e puer Gemengen erlaabt

Dëst ass zum Beispill de Fall zu Reckeng op der Mess fir eng hallef Stonn, oder am Préizerdaul fir eng Stonn.

Och an der Gemeng Géisdref ka fir eng Stonn Kaméidi gemaach ginn, erkläert de Buergermeeschter Jean-Paul Mathay:

"Wann ee Silvester wëll Freedefeier verbidden, da muss dat och kontrolléiert ginn. An dat kënne mir net. Also hu mir d'Decisioun geholl, dat op eng Stonn ze reduzéieren, wou d'Bierger sech och drun halen an dann ass jiddereen zefridden."

Verbuet an de meeschte Gemengen

An de meeschten an och an alle gréissere Gemenge si Rakéiten a Knupperte verbueden.

Déifferdeng ass eng dovun. Et war d'läscht Joer an de Pandemie schonn net erlaabt gewiescht, an et wéilt een dobäi bleiwen, esou d'Buergermeeschtesch Christiane Brassel-Rausch. Ee Grond wär d'Sécherheet, erkläert si, mee den Dreck géif och eng Roll spillen:

"Den Dag drop an de Stroossen, déi Jore virdrun - wat eis Déngschter do opgeraf hunn, well et raumt jo och kee säin Dreck."

D'Gemeng Stengefort verbitt d'Knupperten a Rakéiten zanter véier Joer. Dat ënner anerem, fir d'Déieren ze schützen, esou de Buergermeeschter Sammy Wagner:

"Souwuel fir d'Hausdéieren, déi mir all doheem hunn, mee och fir d'Déieren déi ronderëm an de Bëscher sinn [...]. Esou datt mir gesot hunn, mir géifen dat verbidden."

Wéi kann een den Hausdéieren hëllefen?

Wann et dann awer knuppt an ee sengen Hausdéieren hëllefe wëll, réit d'Lilliane Serran vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga fir ze kucken, datt d'Déieren dobanne bleiwen, an ee si och mat Musek ka probéieren ofzelenken.

Wann ee rausgeet, fir d'Freedefeier ze kucken, sollt een d'Hausdéieren op kee Fall mat raus huelen.