Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No interne Kriticken: Entloossunge an enger Behënnertestruktur

Fondatioun Kräizbierg

No interne Kriticken: Entloossunge an enger Behënnertestruktur

An der Behënnertestruktur "am Schoumansbongert" zu Fréiseng goufe rezent e puer Responsabeler entlooss. Mataarbechter hate sech iwwert hier Cheffe beschwéiert. D'Direktioun an den OGBL hunn eis d'Licenciementer confirméiert.

auto_stories

2 min

D'Fréisenger Struktur Schoumansbongert gëtt vun der Fondatioun Kräizbierg geréiert (Foto: Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Ronn een Drëttel vun de Mataarbechter vun der Struktur Schoumansbongert zu Fréiseng hätte sech beschwéiert gehat, esou den OGBL.

Kritikpunkte wieren eng schlecht Gestioun an den Ëmgank mam Personal gewiescht. Et wiere "schlëmm" Mëssstänn gewiescht. Weider Detailer wëllen d'Direktioun an den OGBL op Nofro hin awer net nennen.

Den OGBL huet d'Direktioun informéiert

De Pit Bach vum OGBL seet, seng Gewerkschaft wier Enn d'lescht Joer mat den interne Kriticke confrontéiert ginn. Den OGBL wier domat bei d'Direktioun gaangen, an do hätt ee Gehéier kritt. D'Direktioun huet zwee Méint drop decidéiert déi Responsabel ze entloossen.

Ee vun de concernéierte Cheffen, déi entlooss goufen, sot eis, e wier net mat der Duerstellung vun der Direktioun a vum OGBL averstanen. D'Wuert "Mëssstänn" wier iwwerdriwwen. Et wiere wuel och mol an der Equipe Schwieregkeete ginn, mee et hätt ee d'lescht Joer keen direkte Virgesetzte gehat, un deen ee sech hätt kënne wenden, well dee länger Zäit net um Büro gewiescht wier. Wéi d'Kriticken opkoumen, hätt een och keng Geleeënheet kritt, sech z'erklären.

Nei Equipe dirigeante

Mëttlerweil géif et an der Struktur fir Mënsche mat Behënnerung eng nei Equipe dirigeante ginn, esou ee vun den Direktere vu Kräizbierg, de Vito Savino. D'Fondatioun Kräizbierg, déi de Schoumansbongert zu Fréiseng geréiert, huet zënter zwee Joer eng nei Direktioun.

No engem méintelaangen interne Konflikt tëschent Personal an Direktioun haten Enn 2020 den deemolegen Administrateur délégué, de fréiere Beamte Jeannot Berg, an den Direkter vun den Atelieren Tom Wagner demissionéiert.

Deemools krut de Verwaltungsrot mat un der Spëtzt dem Henri Grethen Passivitéit virgehäit. Op Initiative vum deemolege President vum Verwaltungsrot gouf de Verwaltungsrot duerno nei opgestallt.

Méi Transparenz

Mat vertruede sinn elo zwee Vertrieder vun der Personaldelegatioun Logement an Ateliers, souwéi een Elterevertrieder. D'Personalvertrieder wiere mat dëser Entwécklung, déi méi Transparenz bitt, zefridden, esou déi aktuell Direktioun.

D'Fondatioun Kräizbierg hat zejoert 270 Salariéen. Dobäi sinn an den Atelieren nach eppes méi wéi 100 Persoune mat enger Behënnerung beschäftegt.