Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Problems

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Frëndeskrees-Affär: Optakt vum Prozess

Bezierksgeriicht

Frëndeskrees-Affär: Optakt vum Prozess

Virum Stater Bezierksgeriicht ass den Optakt vum Prozess géint de fréieren CSV-Präsident Frank Engel. Him gëtt virgeheit iwwer eng Schäibeschäftegung en Akommes kasséiert ze hunn, wat him net zougestanen huet.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Nieft dem fréiere Parteipresident sëtzen och nach sechs aktuell CSV-Parteimemberen op der Uklobänk: d'Elisabeth Margue, d'Stéphanie Weydert, de Félix Eischen, de Georges Pierret, den André Martins an de Georges Heirendt.

An der sougenannter Frëndeskrees-Affär geet et engersäits ëm en Aarbechtskontrakt, deen de Frank Engel mat dëser ASBL hat - eng ASBL, déi offiziell d'Immobilië vun der CSV geréiert. Laut dem Kontrakt huet de Frank Engel 40 Stonnen d'Woch fir de Frëndeskrees geschaaft an dofir 6.000 Euro Brutto de Mount verdéngt.

De Frank Engel gouf beim Parquet denoncéiert

De Kontrakt war vum deemolegen CSV-Generalsekretär Felix Eischen a vum Caissier André Martins ënnerschriwwe ginn. D'Fraktiounsmemberen an d'Parteispëtzt wollten awer näischt dervunner gewosst hunn, an hunn op Basis vun engem Avis juridique hiren eege Parteipresident beim Parquet denoncéiert.

Nach um Dag vun der Demissioun vum Frank Engel de 19. Mäerz koum et zu enger éischter Perquisitioun an der CSV-Parteizentral, den 30. Abrëll gouf eng weider Kéier perquisitionéiert. Bei de Virworf vum Schäikontrakt koum elo dee vum Ënnerschloe vu Parteigelder: domadder soll de Frank Engel vu Januar 2019 bis Mee 2020 seng sozial Cotisatioune bezuelt hunn.

Et geet och ëm déi politesch Zukunft vun aneren CSV-Memberen

Um Geriicht läit et elo ze klären, ob d'Konditioune vum Aarbechtskontrakt agehale goufen oder ob et just drëms goung dem Frank Engel iwwer dësen Ëmwee als Parteipresident eng Pai ze sécheren. De Politiker selwer hat dee Moment nämlech keen anert Akommes. Am Detail sinn d'Uklopunkte Bedruch, Vertrauensmëssbrauch, Geldwäsch a Fälschung.

D'Geriicht kuckt awer och, ob et eng kollektiv Responsabilitéit an dëser Affär geet, dofir sëtzen déi sechs Parteimembere mat op der Uklobänk. Si riskéieren am schlëmmste Fall Prisongsstrofe vu bis zu fënnef Joer. Virun allem awer steet hir politesch Zukunft um Spill. Interessant dierft och sinn, wien de Frank Engel als Entlaaschtungszeie wäert ruffen. D'CSV-Schlammschluecht kéint da schlëmmstefalls op der Place publique ausgedroe ginn.