Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frësche Wand fir harmonesch Landesplanung

Riicht eraus

Frësche Wand fir harmonesch Landesplanung

Wéi ee Wuesstem wëllen d'Bierger a virun allem wou? Wéi kann een an alle Regioune vum Land eng dynamesch an harmonesch Entwécklung erméiglechen a gläichzäiteg d'Ressourcë schounen? De Minister François Bausch fuerdert d'Bierger op, fir sech un dëser Diskussioun ze bedeelegen. Hie wënscht sech an den nächste 25 Joer méi eng harmonesch Entwécklung vum Land wéi an der Vergaangenheet.

auto_stories

4 min

Am Programme directeur fir d'Landesplanung ginn déi grouss Prinzipie festgehale ginn, wéi d'Land a seng Regioune sech sollen entwéckelen. Deen aktuelle Programm vun 2003 ass duerch d'Entwécklung vum Land iwwerholl a muss frësch geschriwwe ginn, seet de François Bausch. "Wann een dat wëllt maachen, da muss een am Virfeld vun ënnen no uewen eng breet Diskussioun féieren, soss riskéiert een dernieft ze leien an Onverständnis ze kréien", esou den Nohaltegkeets- an Infrastruktur-Minister.

De geplangten neie Landesentwécklungs-Programm soll ee contraignante Charakter kréien. An deem Dokument gëtt beschriwwen, wou wirtschaftlech Aktivitéite sollen entstoen a wéi e Populatiounswuesstem méiglech ass. Den neie Programm soll méi präzis ginn, wéi deen aktuellen.

Frësche Wand an der Landesplanung duerch Biergerbedeelegung

Um nationalen Niveau ginn ONGen, Ëmweltschutzorganisatiounen an och institutionaliséiert Gremie wéi de Syvicol an d'Beruffskammeren invitéiert, fir am Kader vun engem nationale Laboratoire an an Aarbechtsgruppen zesummenzeschaffen. Donieft sollen an de véier Bezierker regional Laboratoiren an Aarbechtsgruppen entstoe mat 200 Bierger, déi sech kënne bedeelegen.

D'Erfahrung am Ausland hätt gewisen, datt déi Leit, déi sech umellen, um Inhalt interesséiert wieren, esou de François Bausch. "Do kommen och ee Pak nei Iddien op den Dësch. D'Regierung muss dann tranchéieren an de Programme directeur fir d'Landesplanung formuléieren".

Nei sektoriell Pläng

D'Prozedur vun de sektorielle Pläng gouf Enn 2014 wéinst juristeschen Onkloerheeten am Landesplanungsgesetz gestoppt. Et gouf decidéiert, fir déi véier Pläng nei auszeschaffen. Och d'Gesetz iwwert den Aménagement du territoire gouf nei geschriwwen. Fir den Ament feelt nach den Avis vum Staatsrot an de Vote an der Chamber, deen et géing erméiglechen, d'Prozedur vun de sektorielle Pläng ze relancéieren.

Déi éischt Prozedur wier awer net ëmsoss gewiescht, vue datt d'Gemenge ronn 100 Avisen agereecht hunn, déi elo an deenen neie Pläng matagefloss sinn, ënnersträicht de François Bausch.

Am Plan sectoriel Logement ginn et grouss Changementer par Rapport zu der éischter Versioun, an där d'Gemengebebauungspläng an déi kommunal Projeten net respektéiert goufen. An der Stad Lëtzebuerg ginn et zum Beispill gréisser Wunnengsbau-Projeten um Kierchbierg. Derbäi kommen d'Industriebroochen, déi valoriséiert a sanéiert solle ginn. An de Gespréicher mat ArcelorMittal kéim ee gutt virun, fir d'Terrainen, déi dem Stolkonzern gehéieren, nei ze notzen, esou de Minister.

Donieft huet och d'CFL zu Schëffleng Terrainen, déi jee no Proprietaire vum Areal, mat ëffentleche Gelder oder vun der Eisebunnsgesellschaft solle sanéiert ginn. Fir d'Industriebroochen Esch-Schëffleng ass eng Etude iwwert d'Verseuchung vum Buedem am Gaange realiséiert ze ginn.

Kreativ Projete fir d'Industriebroochen Esch-Schëffleng

"Et dierf een déi Feeler, déi op Esch-Belval geschitt sinn, net widderhuelen. Deemools gouf et allerdéngs een Zäitdrock, fir d'Uni op Belval ze bauen", seet de François Bausch.

Zu Schëffleng soll zesumme mat de Gemengen an de Bierger iwwert d'Gestaltung vun deenen Terrainen decidéiert ginn, esou de Nohaltegkeetsminister.

Schueberfouer bleift um Glacis

Op d'Fro, ob een de Glacis um Lampertsbierg net soll aneschters valoriséieren, ëmmerhi wier do Plaz fir 500 Wunnengen, sot den François Bausch, datt een d'Traditioune misst respektéieren. D'Schueberfouer géif op de Glacis gehéieren. Dorunner géif een net rësele goen.

Contournement Käerjeng

"Ech fannen et net korrekt, wéi déi Diskussioun an der Gemeng Suessem gefouert gëtt" seet de François Bausch. Hie géif d'Gemeng Käerjeng verstoen, déi eng Chance soll kréien, fir sech aanescht z'entwéckelen. Well et sech hei net ëm eng Autobunn handelt, mä ëm eng zweespureg Strooss, déi Suessem guer net géif beanträchtegen, dierft een och net iwwerdreiwen, esou d'Kritik vum Nohaltegkeetsminister un d'Adress vun der Suessemer Gemeng.

Sécherheetsmoossname fir d'N7

200 Milliounen Euro si virgesinn, fir d'Streck tëscht dem Fridhaff an der Wämperhaart ze verbesseren.

"D'Ausschreiwung fir de Rond-Point um Fridhaff ass lancéiert, sou datt am September d’Aarbechte kennen ufänken”, ënnersträicht de François Bausch.

D'Etude iwwert d'Upassung vun der N7 un d'Sécherheetsstandarde gouf ofgeschloss a gëtt zesumme mat Ponts et Chaussées analyséiert. Duerno géifen d'Conclusioune virgestallt ginn. "Dat éischt wat wäert geschéien ass, datt d'Nationalstrooss vum Fridhaff op d'Wämperhaart ugepasst gëtt.

Den Nohaltegkeetsminister envisagéiert, fir d'Finanzéierungsgesetz fir de Contournement vun Housen d'nächst Joer ze deponéieren.

Problemer beim Projet Park and Ride zu Stackem

De Projet vun engem Park and Ride-Parking zu Stackem an der Belsch kéim net gutt virun, dat wéinst ze vill Bürokratie an der Belsch, esou de Minister. Déi belsch Netzgesellschaft an d'SNCB géifen net optimal zesummeschaffen. D'Etude iwwert dee Projet wier elo fäerdeg an hie wier net begeeschtert doriwwer, esou de François Bausch. Kontakter goufen et mam belschen Transportminister, mat deem elo probéiert gëtt, dee Projet virunzedreiwen.