Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fro vu Valoriséierung vun der Aarbecht"

Ännerungen am Mudam

"Fro vu Valoriséierung vun der Aarbecht"

D'Anna Loporcaro, laangjähreg Curatrice vum Mudam, huet gëscht während der 100,7-Spezialsendung op der Nuit des Musées op Nofro hin hir Demissioun am Musée fir zäitgenëssesch Konscht (Mudam) kommentéiert. No 15 Joer hätt si Loscht op en neien Challenge. "Et ass och eng Fro vun Dauer a vu Middegkeet, eng Fro, wéi d'Aarbecht valoriséiert gëtt", esou d'Anna Loporcaro. De Mudam hätt a 15 Joer dräi Direktioune gehat. D'Loscht wier net méi déi selwecht gewiescht.

auto_stories

1 min

Dem Design wëll si trei bleiwen. D'Biennale Design City, déi si 2010 gegrënnt hat, wëll d'Anna Loporcaro "nei erfannen". Mam Mudam wier e wichtege Partner vun der Biennale ewechgefall. Mee si wéilt dat net opginn, well den Design wier en Deel vun hirer Carrière: "Ech wëll Lëtzebuerg op d'Kaart vum Design setzen", esou d'Anna Loporcaro.

D'Suzanne Cotter, Generaldirektesch vum Mudam zënter dem Januar 2018, sot am 100,7-Interview: "Fir eis ass all Depart och eng Opportunitéit fir en Aneren". Datt Mataarbechter, déi scho laang am Mudam geschafft hunn, eppes Neies wéilte maachen, wier normal. D'Zäite géifen änneren, d'Visiounen och. An et wier och normal, datt eng nei Direktioun eng eege Visioun hätt.