Radioen

On air

E-Lodie  |  Francis Gri - Lull Part 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frontex - Wann d'EU hir Wäerter verréit

Fräie Mikro

Frontex - Wann d'EU hir Wäerter verréit

Déi europäesch Grenzschutzagentur FRONTEX soll net nëmmen d'Baussegrenze vun der EU schützen, mee och sécher stellen, datt dobäi d'Grondrechter garantéiert bleiwen. De Géigendeel ass de Fall, wéi Medieberichter an e Rapport vun dem offizielle Kontrollorgan OLAF weisen. Dozou de Fräie Mikro vum Frank Wies, Affekot a Mënscherechtsaktivist.

auto_stories

4 min

De Frank Wies ass Affekot a Mënscherechtsaktivist. Foto: Archiv

Déi lescht Woch gouf e Bericht vun der europäescher Agence fir de Kampf géint Bedruch, kuerz OLAF genannt, vun der Presse public gemaach. Et geet ëm Virwërf géint d'Agence FRONTEX, déi säit 2004 zoustänneg ass fir de Memberstaate vun der Unioun bei der Kontroll vun de Baussegrenzen ënner d'Ärem ze gräifen.

OLAF ënnersicht "Pushbacks" um ägäesche Mier

D'Bedruchsagence OLAF war aktiv ginn, nodeem säit 2020 ëmmer méi konkret Berichter iwwer d'Behuele vun de griicheschen Autoritéite géint Flüchtlingen am ägäesche Mier zirkuléiert sinn.

Konkret goung et ëm sougenannten "Pushbacks", wou Leit, déi aus der Tierkei mat Booter komm sinn, fir an der EU Asyl ze froen, um Mier opgehalen an nees bis an déi tierkesch Hoheitsgewässer zréckgezu goufen. Dat, ouni datt hinnen d'Geleeënheet gebuede gouf fir eng Asyldemande ze stellen, an ouni Suerg fir hier Sécherheet.

Wärend et änlech Virwërf scho fréier géint déi griichesch Grenzschützer gouf, koum dës Kéier dobäi, datt Beamte vun FRONTEX dem Dreiwen anscheinend nogekuckt hunn, ouni eppes Konkretes dogéint ze ënnerhuelen.

Virfäll goufen intern bei FRONTEX kleng gehalen

Wann een de Bericht vun der Agence OLAF elo liest, war et nach méi schlëmm. Déi Virfäll goufen net nëmmen intern bei FRONTEX kleng gehalen, mee virun allem sollt de Mënscherechtsbeoptraagte vun der Agence vun de Virwërf näischt Handfestes matgedeelt kréien.

Aus de Messagë vun der Spëtzt vu FRONTEX, déi dozou am Rapport zitéiert ginn geet ervir, datt de Beoptraagte fir Mënscherechter als stéierend betruecht gouf. Als een, deen déi grouss politesch Zesummenhäng, wéi de Konflikt vu Griicheland mat der Tierkei, net géif verstoen an dofir huet missten ausgebremst ginn.

Wa politesch Motiver dem Respekt vu Grondrechter virgezu ginn, dann ass et net méi wäit hier mat de Wäerter vun der EU, wéi se an der Charta vun de Grondrechter festgehale goufen. Änlech argumentéieren och Diktaturen, déi Mënscherechter als eng westlech Erfindung ofdinn, déi mat hiren Traditiounen net kompatibel wier.

Aus dem OLAF-Rapport geet och ervir, datt Agente vun FRONTEX bewosst bedenklech Virfäll net gemellt hunn, fir kee Kaméidi mat de griicheschen Autoritéiten ze riskéieren. Et steet esouguer de Verdacht am Raum, datt Agenten, déi en offizielle Rapport iwwer méiglech Verstéiss géint d'Grondrechter gemaach haten, duerno op Uerder vun der FRONTEX-Direktioun an aner Regioune versat goufen. Dat als Strof well si déi knaschteg Aarbecht vun de griichesche Grenzschützer denoncéiert hunn.

Glafwierdegkeet vun allen Institutioune steet um Spill

An heira läit den eigentleche Problem. D'Kontroll vun de Grenze gëtt vu ville Responsabele virun allem als Kampf géint eng illegal Immigratioun verstanen, géint déi vill Mëttel Recht sinn, iwwer déi awer am beschten net geschwat gëtt.

Dat weisen Accorden, déi mat der Tierkei gemaach goufe fir Refugiéeën aus Syrien net an d'EU ze loossen, oder mat Libyen, wou Milize finanzéiert an equipéiert ginn, fir d'Booter drun ze hënneren iwwer d'Mëttelmier ze kommen.

Duerch dëse Widdersproch tëschent dem Verdeedege vu Grondwäerter op der enger Säit, an dem Ewechhale vu Migrante mat alle Mëttelen op der anerer Säit, ass net nëmme FRONTEX zerrappt ginn, mee d'Glafwierdegkeet vun allen Institutioune steet um Spill.

D'Direktioun ersetze geet net duer

Et geet also net duer, d'Direktioun vu FRONTEX ze ersetzen an ze behaapten, elo géif alles besser ginn.

Esou laang wéi zum Beispill Pushbacks am ägäesche Mier oder an de baltesche Staate roueg higeholl ginn ouni nennenswäert Konsequenze fir déi bedeelegt Staaten, esou laang wäert och eng nei Direktioun vu FRONTEX bei all Virfall virum Dilemma stoen tëschent dem schounungslosem Opdecken vu Verstéiss an de politeschen Interessië vun deenen eenzele Länner.

De Bléck muss also iwwer d'Problemer bei FRONTEX erausgoen, hin zu enger Migratiounspolitik déi zum Beispill sécher Flucht-Routen aféiert, eng gerecht Verdeelung vun de Laaschten tëschent alle Länner erméiglecht oder aner Weeër fir legal an d'EU anzewanderen opmécht.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.