arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Frou dierfen ze schaffen"

"Fun um Glacis"

|
reading time

2 min

"Frou dierfen ze schaffen"

Déi nächst dräi Wochen ass Kiermesstëmmung um Glacis. Wéinst der Coronapandemie gouf déi traditionell Schueberfouer ofgesot. Mat méi enger klenger Versioun - bei där Buden a Managë méi weit ausernee stinn, hofft een awer de Publikum an och d'Forainen zefridden ze stellen.

reading time

2 min

play_arrow Lauschteren

"Wéi Enn Mee d'Schueberfouer erëm annuléiert gouf, hate mir dat Schlëmmst gefaart", seet de Charel Hary, de President vun der Federatioun vun de Forainen. Elo awer wiere si ganz zefridden, iwwer dat wat d'Stad Lëtzebuerg um Glacis an an diverse Quartieren organiséiert huet. Wuel ass de "Fun um Glacis" méi kleng wéi d'Schueberfouer, et ass och eng aner Ambiance an awer mengt de Charel Hary, dass jiddereen eppes ka fannen, wat him Spaass mëscht.

Corona-Konzept!

De Glacis ass an zwee gedeelt: Uewe gëllen d'Masken - ënnen ass de System vum Covid Check vun der Santé zréckbehale ginn. D'Stad Lëtzebuerg organiséiert d'Schnelltester. "Et kann ee souwisou näischt un der Situatioun änneren", seet de Charel Hary, d'Foraine wieren einfach frou kënnen ze schaffen.

Si konnte sech melle fir mat ze maachen. Just bei de grousse Restaurante gëtt et d'Frustratioun: déi konnten net opriichten. De President vun de Foraine gëtt ze bedenken, dass deene schonn 2 Joer Oktav a Schueberfouer feelen.

Dëst Joer waren oder kommen nach Kiermessen a Gemenge wéi Esch, Ettelbréck, Dikrech, Diddeleng oder Iechternach. "Mir hoffen einfach domat finanziell iwwert d'Ronnen ze kommen", esou de Charel Hary.