Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Mdou Moctar - Imouhar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Frou fir all Patient, deen ausgeflu gëtt"

Corona-Kris

"Frou fir all Patient, deen ausgeflu gëtt"

D'lescht Woch war d'Lëtzebuerger Air Rescue aacht Covid-19 Patienten an iwwerlaaschte Spideeler a Frankräich sichen. Op Mulhouse, op Colmar, mee och op Metz. D'Michèle Sinner huet mat den Infirmiere Jan Saubain a Guido Genten geschwat, déi dräi vun deene Volle begleet hunn.

auto_stories

4 min

Beim Ufluch géif een normalerweis Sportfliger oder soss iergendwéi Funk héieren, erzielt de Guido Genten iwwer den Asaz leschte Méindeg. Mee do hätt een nëmmen Helikopter héieren. "Dat war wierklech beandrockend, esou vill Rettungshelikopter zu engem Moment an der Loft ze hunn." Zu Colmar ukomm, hätt een d'Schutzkleedung ugedoen, getankt an dunn eng Stonn gewaart, bis d'Plattform erëm fräi gewiescht wier.

Speziell Virsiichtsmoossnamen

D'Mataarbechter vun der Air Rescue si gewinnt Intensiv-Patienten ze fléien. Mee wéinst der Ustiechungsgefor musse bei de Covid-19-Patienten extra Precautiounen geholl ginn. Ugefaange mam Helikopter selwer aus deem alles, wat fir dësen Transport net gebraucht gëtt, erausgeraumt gëtt. Dozou gehéiert natierlech och d'Schutzkleedung vum Pilot, dem Dokter an dem Infirmier, déi um Vol dobäi sinn, erkläert den Infirmier Jan Saubain. Déi Kleedung géif ausgesinn "wéi e ganze grousse Ganzkierper-Overall." Bei der Air Rescue hätt een d'Wiel en normale Schutzbrëll unzedoen oder eng Zort Schibrëll. Den Jan Saubain hätt sech mam Schibrëll "e bësse méi sécher gefillt". Dobäi kommen duebel Händschen. "Fir duebel ofgeséchert ze sinn a fir emol kënne wärend dem Transport dat éischt Puer sécher ze wiesselen."

Personal a grousser Stresssituatioun

Sou gutt protegéiert wier d'Personal zu Colmar net gewiescht, esou de Guido Genten.

"Also et ass eng speziell Situatioun, well mir kommen do hannen an eiser Schutzkleedung un. Ech hunn den Androck, mir ware gutt virbereet. An da komme mir a Klinicken un, wou wierklech Ausnamezoustand herrscht. Dat ass eppes, wat ech perséinlech nach net esou gesinn hunn. Do si Leit amgaang ouni Schutzkleedung un de Patienten ze schaffen. Um Limitt vum Personal, um Limitt vum Material. An et gesäit een, datt déi Leit wierklech an enger grousser Stresssituatioun sinn."

Do géif et schwéier fale fir professionell ze bleiwen a sech un d'Prozeduren ze halen, esou nach de Guido Genten. Pompjeeën hätte wëllen hëllefen, mee si hätte keng Schutzkleedung gehat. Op d'Opfuerderung, Ofstand vun de Patienten ze halen, wier d'Äntwert komm: "Dat ass awer den eeleften Transport, dee mir ewell maachen. Mir sinn de ganzen Dag esou." Da géif ee sech froen, wat déi Leit sech denke géifen, esou den Infirmier. "Mir kommen do frësch wéi aus dem Film "Outbreak" a si stinn do a hiren normale Pompjeeskleeder, well si keng Maske méi hunn."

D'Air Rescue huet just Patienten transportéiert, déi intubéiert waren. Dat hätt de Virdeel, datt hir Ausotemloft vum Ventilateur gefiltert géif ginn, an d'Ustiechungsgefor méi kleng wier. Intubéiert Patiente ginn an de kënschtleche Koma gesat. Si hänken also net just u Baxter a Katheder, mee och u Sonden. Bis all dës Uschlëss kontrolléiert an ëmgeklëmmt sinn an de Patient mat sengem Lëlldësch aus sengem Bett op d'Brëtsch vum Helikopter gehuewen ass, dauert et eng Stonn.

Mee dem Guido Genten säi Patient wier net méi ganz sedéiert gewiescht an hätt géint den Tube ugekämpft. Mee dat dierft bei Covid Patienten ni passéieren, "well wann déi ufänken ze houschten, ass de Risiko, datt trotz dem Tube en Aérosol entsteet." Dunn hätt de Patient misse Medikamenter kréien "well si haten leider näischt dobäi."

Prozeduren nom Transport

D'Air Rescue huet franséisch Patienten an all Lëtzebuerger Spideeler bruecht. No all Transport geet et zeréck op de Findel, wou de Pilot, dee kee Kontakt mam Patient hat, den Helikopter an den Hangar dréckt. Am Hangar wier ee sougenannte Watchman, esou de Jan Saubain. Dee géif d'Member vum Equipage beim Desinfizéieren an och beim Ausdoe begleeden.

"Dat heescht, mir klammen eraus, mir ginn eng Kéier komplett mat hydro-alkoholescher Léisung desinfizéiert. Da sinn mir am Prinzip 'propper'. An da gi mir mat der nämmlechter Léisung an den Helikopter a maachen alles propper, wat propper ze kréien ass."

Déi Prozeduren huet d'Air Rescue en Place, well si och schonn Ebola-Patienten transportéiert huet.

"Frou eppes bäigedroen ze hunn"

Haten den Jan Soubain an de Guido Genten Bedenken, fir Patienten, déi Covid-19 hunn ze betreien? Wann een esou een Transport misst fléien, géif ee sech natierlech froen, firwat een deen Dag misst Déngscht hunn. Mee herno wier een awer frou, "datt een eppes bäigedroen huet". Well et géif ee sech net gutt fillen, wann een donieft géif sëtzen an näischt maache kéint. Dat wuel ëmsou méi, well d'Personal zu Colmar trotz dem enorme Stress immens dankbar gewiescht wier, esou nach de Jan Saubain an de Guido Genten.

"Also déi ware wieren wierklech frou, fir all Patient, deen ausgeflu gëtt"