Op där enger Säit wier et relativ einfach Fuerschungsaarbechten iwwer Covid-19 finanzéiert ze kréien, esou den Tom Aschman, mee op där anerer Säit wiere vill Saachen och just publizéiert ginn, well et mat Covid-19 ze dinn huet.
Wann een dat e bësse méi kritesch géif kucken, da wier dat "net onbedéngt esou fundéiert an net esou nohalteg". Fir um neiste Stand ze bleiwe misst een immens vill liesen, well all Woch nei Publikatiounen erauskommen.
Muskelproblemer, déi bei Covid-Patienten optrieden, ginn net onbedéngt direkt duerch de Coronavirus ausgeléist, mee warscheinlech duerch eng Immunreaktioun. Dat ass eng vun den Haaptconclusiounen, déi de Lëtzebuerger Neurolog Tom Aschman an enger Etüd zitt, déi rezent publizéiert gouf. Dat wier eng gutt Noriicht fir Leit, déi op eng Behandlung fir esou Muskelproblemer waarden.
Am Fall wou den Immunsystem mécht, wéi wann de Virus nach do wuer, obwuel e scho fort ass, kéint ee reagéieren, sou de Fuerscher. Fir dee Fall géif et Therapië gi fir den Immunsystem total oder spezifesch ze bremsen. "A wat ee besser versteet, wat genau do passéiert am Immunsystem, wat ee besser ka cibléiert Therapië maachen, wou een dann hoffentlech déi Symptomer och bessert."