Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Aarbechtsverhältnesser bei de Big Four

Funktionnement vun de Big Four

D'Aarbechtsverhältnesser bei de Big Four

De Weekend oder d'Nuecht duerchschaffe wier keng Seelenheet fir Employéë vu véier internationale Beroodungs- an Auditsgesellschaften. PriceWaterhouseCoopers, KPMG, Ernst and Young an Deloitte. De franséische Chercheur Sébastien Stenger huet sech de Personalmanagement vun enger vun de sougenannte Big Four fir seng Doktorthes vu bannen ugekuckt an d'Resultat vu ronn 50 Gespréicher an engem Buch verëffentlecht.

auto_stories

4 min

PriceWaterhouseCoopers (kuerz PWC), KPMG, Ernst and Young an Deloitte si véier international Conseil- an Auditsgesellschaften. Fir d'Buch mam Titel "Am Häerz vun den Audit- a Conseilsgesellschaften" huet de Sébastien Stenger dräi Méint laang e Stage bei engem vun dëse Cabineten a Frankräich gemaach.

D'lescht Joer hätten déi sougenannt Big Four enger däitscher Statistiksäit no bal 950.000 Leit weltwäit beschäftegt. D'Cabineten hätten eng grouss Influenz, seet de Sébastien Stenger. A Frankräich géifen zum Beispill 76 vun 80 Audit-Mandater vun den Entreprisë vum CAC 40 vun de Big Four gemaacht ginn.

D'Cabineten géifen zu den attraktiivsten Employeure fir jonk Diploméiert gehéieren, seet de Sébastien Stenger. Mee den Aarbechtsrhythmus wier intensiv. Et géif de Weekend, nuets oder souguer d'Nuecht duerchgeschafft ginn.

E flexibele Modell?

Effektiv géife verschidde Leit laang Stonnen an de Cabinete schaffen. Dat wier awer net den Aarbechtsmodell, deen een imposéiere wéilt, seet de Stéphane Tilquin. De Belsch vun 42 Joer ass Talentleader a Partner am Steierberäich bei Deloitte Lëtzebuerg. D'Gesellschaft beschäftegt zu Lëtzebuerg ronn 2.300 Persounen.

"Mir si virun allem op der Sich no Effikassitéit. Dat heescht, et ass net d'Zuel vun de Stonnen déi zielt, mee d'Effikassitéit vun enger Persoun."

A bestëmmte Periode géif méi Aarbecht ufalen, seet de Stéphane Tilquin. Et misst een zum Beispill d'Konten a bestëmmten Delaien ofschléissen. Dofir hätt een net den traditionelle Modell vu 40 Stonnen all Woch am Joer, mee et wier ee "flexibel". Dës Flexibilitéit géif och duerch Télé-Travail ënnerstëtzt ginn.

Up or out

D'Aarbecht vun den Employéë vun de Big Four gëtt all Joer bewäert. Doraus entsteet de sougenannten "up or out" System. Entweder et kënnt een an der Carrière weider, oder et muss een d'Entreprise verloossen. Bei Deloitte hei am Land géifen d'Mataarbechter objektiv evaluéiert ginn, seet de Stéphane Tilquin.

De Sébastien Stenger mengt awer net, datt eng objektiv Evaluatioun vun der Leeschtung méiglech ass.

"A Frankräich hunn ech observéiert, datt den Diplom, d'Relatiounen ënner Kollegen oder och nach een immensen Engagement wichteg Critèrë sinn, fir sech vun deenen aneren ze ënnerscheeden."

Wann ee Mataarbechter eng Erausfuerderung sicht, kéint Deloitte him déi bidden, seet de Stéphane Tilquin. "Natierlech bréngt et enger Firma wéi Deloitte immens vill, fir esou Leit ze hunn. Mee wann ee si gewäerde géif loossen, géif dat op d'Käschte vun deenen anere Mataarbechter goen." Dofir wier et falsch ze mengen, datt just Top-Performer d'Firma géife weiderbréngen.

Sprangbriet fir Direktiounsposten

Am Duerchschnëtt géifen 20 Prozent vun allen, déi rekrutéiert goufen, spéider Manager ginn, sou de Sébastien Stenger. Vun honnert rekrutéierten Auditeuren a Frankräich géif een den héchste Grad vum Partner erreechen. Bei Deloitte géif ee generell esou een Taux net rechnen, seet de Stéphane Tilquin.

Leit, déi de Cabinet verloossen, géife sech selwer an hir Fäegkeeten doduerch net onbedéngt a Fro stellen, seet den Auteur Sébastien Stenger. Eng professionell Erfarung an engem vun de Cabineten vu PWC, KPMG, EY oder Deloitte kéint zum Beispill d'Carrière ukierpen an als Sprangbriet funktionéieren, fir op Direktiounsposten ze kommen. Fréier Mataarbechter vun Deloitte Lëtzebuerg géifen op ënnerschiddlech Plaze schaffe goen, seet de Norman Moreau. Hien ass ënner anerem fir de Recrutement bei Deloitte zoustänneg.

Si verloossen net all Deloitte, fir bei Banken oder aner Big Four schaffen ze goen. Et ginn der och an d'Industrie oder bei fréier Cliente vun de Big Four schaffen. Et gëtt keng preferéiert Destinatioun.

"Keen elitäre Gedanken"

Fir verschidde Leit wier keng Chance op Promotioun awer och een Echec, seet de Sébastien Stenger. Den Auditeuren, déi hie begéint hätt, géif d'Meenung vun hiren Aarbechtskollege vill bedeiten. A si wéilte sech vun hire Mataarbechter ofhiewen. "Et gëtt also e sozialen Usproch, dee genee esou héich ass, wéi déi ekonomesch Ambitiounen." Den Drock vu bannen, fir net ze versoen an en Deel vun der Elite ze sinn, wier dacks méi staark, wéi dee vum Cabinet oder vum System selwer.

Den elitäre Gedanken, deen de Sébastien Stenger erwäänt, kéint ee bei Deloitte allerdéngs net novollzéien, esou de Norman Moreau.

"Ech mengen net, datt et iergend eng Form vun Elitismus gëtt, virun allem hei zu Lëtzebuerg. Ech mengen net, datt mir vu baussen, vun de Kandidaten, vis-à-vis vun de Clienten oder enger Gesellschaft als elitär ugesi ginn."