Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  New Order - Blue Monday '88

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fusioun: D'Nordstad-Gemenge verdeedegen d'Zommen déi si ugefrot hunn

5.000 Euro pro Awunner ugefrot

Fusioun: D'Nordstad-Gemenge verdeedegen d'Zommen déi si ugefrot hunn

D'Nordstad-Gemenge verdeedegen d'Zommen, déi si ugefrot hunn, fir d'Finanzéierung vun der Fusioun. "Ouni déi Suen riskéiert de Projet ze scheiteren", sou Spriecherin vum Comité Nordstad, Pascale Hansen, op eis Nofro hin. Ugefrot si bei Inneministère 5.000 Euro pro Awunner finanziell Hëllef. D'Inneministesch Taina Bofferding hat e Freideg an engem Communiqué gesot, déi Ufro géif wäit iwwer deem leien, wat bis elo pro Awunner ausbezuelt gi wier fir Fusiounen ze ënnerstëtzen.

auto_stories

1 min

D'Pascale Hansen kontert, datt de Comité gréisser Projete geplangt hätt, an dowéinst wieren déi ugefroten Zomme "total gerechtfäerdegt". D'Nordstad-Fusioun wier ee bis elo eenzegaartege Projet. Detailer iwwer geplangte Projete wëllt si keng nennen, den nächsten Dënschdeg ginn d'Gemengeréit vun den Nordstadgemengen doriwwer informéiert. Den Inneministère analyséiert elo déi finanziell Revendicatiounen am Detail. Eng definitiv Decisioun muss de Regierungsrot huelen. D'Fusioun vun der Nordstad ass fir 2023 geplangt, an den nächste Méint mussen déi fënnef Gemengen eng definitiv Decisioun en vue vun der Fusioun huelen. An enger weiderer Phase sollen dann d'Bierger iwwer Referendum ofstëmmen.