Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hazel English - Jesse Feat. Day Wave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréng Luucht fir zwou nei Fusiounsgemengen

Gemengen

Gréng Luucht fir zwou nei Fusiounsgemengen

Vu September un existéieren zu Lëtzebuerg nach 100 Gemengen. D'Chamber huet eestëmmeg gréng Luucht gi fir déi nei Fusiounsgemenge Groussbus-Wal a fir Bous-Waldbriedemes. Fir béid nei Gemenge gëllen Iwwergangsbestëmmungen an der Zesummesetzung vum Gemengerot. Vun 2029 un sollen dann déi allgemeng Reegele gëllen.

auto_stories

2 min

D'Gemeng Waldbriedemes fusionéiert mat Bous. (Foto: Steve Hopp)

Lauschterenplay_arrow


Eng Fusioun muss vun de Leit lokal decidéiert ginn an dat fräiwëlleg, ënnersträicht d'Inneministerin Taina Bofferding, d'Initiative muss vun de Gemenge selwer kommen an dat iwwer Referendum.

Eng acceleréiert Transformatioun vum Land

De fréiere CSV-Inneminister Michel Wolter plädéiert awer fir eng méi acceleréiert Transformatioun vum Land, mam Zil eng 60 Gemengen ze hunn, déi an enger Chambre des élus vertruede wieren, parallel also zur Chamber. De Michel Wolter behaapt, datt ee net méi an dem Rhythmus ka weider fueren an et sënnvoll wier am Joer 2025 ze kucken ee neien, modernen, der Zukunft ausgeriichten administrativen Opbau fir eist Land ze schafen.

Fusioune Bous-Waldbriedemes an Groussbus Wal

Groussbus Wal soll gemeinsam Infrastrukture kréien, de Staat accordéiert eng finanziell Hëllef vun 2.200 Euro pro Awunner, ab 2000 Awunner, sinn et dann nach 1000 Euro op de Kapp. Déi Gelder ginn och gebraucht ënnersträicht de Rapporter vum Gesetz de Carlo Weber vun der LSAP. Déi nei Gemeng wäert d'Subside vum Staat notze fir d'Scholdelaascht ze reduzéieren a fir Projeten aus dem pluriannuelle Plang ze realiséieren, ouni datt dat méi am Detail fixéiert wier.

Bis op mannst 2035 soll de Majorzsystem bei de Wale gëllen. Änlech Konditioune ginn et fir d'Fusioun Bous-Waldbriedemes, déi vu September un a Kraaft trëtt.