ENERGIE-KRIS Gas-Präisdeckel: EU-Kommissioun steet ënner Drock

Bis Enn November wëllen d'Energieministeren Neel mat Käpp maachen an ee Pak vu Noutfallmesurë géint d'Hausse vun de Präisser adoptéieren. Virdru muss awer d'EU-Kommissioun legislativ Propose presentéieren. Déi loossen op sech waarden.

Danièle Weber / cbi

Conseil vun den Energieministeren
De Conseil vun den Energieministeren. Foto: EU

D'Gaspräisser ginn erof. Op der Reunioun vun den Energieministere gouf déi Nouvelle als "extrem positiv" opgeholl.

Um Kierchbierg hu si sech emol méi iwwer d'Hausse vun de Präisser an eng méiglech europäesch Äntwert dorop de Kapp zerbrach. D'Staats- a Regierungscheffen hunn hinnen eng Partie Mesuren op de Verhandlungsdësch geluecht.

EU-Kommissioun: "Non Paper" amplaz Gesetzer

Eng Schlësselroll an deem Prozess huet d'Europäesch Kommissioun. Si muss konkret legislativ Propose maachen. Well sech d'Länner awer net eens sinn, schéngt si op Zäit ze spillen an huet an de leschte Wochen amplaz vu Gesetzesproposen eng Hellewull vun inoffiziellen, sougenannten "Non Paper" iwwer méiglech Modeller fir Gaspräis-Deckele presentéiert. Sou och gëscht nees.

Datt Bréissel esou zéckt, gefält net jiddwerengem. Den tschecheschen Industrieminister huet gëscht am Numm vun der EU-Presidence d'Kommissioun ganz oppe kritiséiert. Si misst elo liwweren, sou de Jozef Síkela.

"D'Kommissioun muss déi Stécker vum Puzzle liwweren, déi nach feelen, sou wéi d'Staats- a Regierungscheffen dat gefrot hunn."

Diskussioun iwwer verschidde Modeller

Iwwer d'Fro, wéi een de Gaspräis méiglecherweis deckele kéint, géif et ëmmer nach zimmlech ënnerschiddlech Vuen, sou den Tschech no der Reunioun.

Am Beschte guer keen Deckel - seet weiderhin Däitschland - an hält dofir ee flexibelen, dynamesche Präismechanismus fir sënnvoll, iwwer deen et allerdéngs Interpretatiounsdivergenze gëtt. Fir den däitsche Wirtschaftsminister ass dat op alle Fall keen Deckel:

"Meiner Meinung heißt das, und so ist es auch besprochen worden, spekulative Auschläge an den Börsen zu verhindern. Das heißt aber auch, dass ein fixer Preisdeckel, irgendeine Zahl, nicht das richtige Instrument ist. Viel effizienter ist es, in den Marktmechanismen klug zu agieren."

Turmes an Habeck net op enger Linn

Tëscht de Robert Habeck an de Lëtzebuerger Energieminister passt normalerweis kee Blat. Op dësem Punkt ass dat anescht. De Claude Turmes ass kee Fan vun deem dynamesche Präiskorridor.

"Ech gesinn net richteg wat dat soll bréngen", sou de grénge Politiker.

Fir Lëtzebuerg, wat zu 100 Prozent Gas importéiert, wier dee Modell net ideal. Do bestéing d'Gefor, datt d'Demande um europäesche Marché net méi ganz ofgedeckt gëtt, sou de Claude Turmes.

Hie schwätzt sech éischter fir dee sougenannte spuenesche Modell aus. Deen ass schonn a Spuenien a Portugal a Kraaft a gesäit vir, datt de Gas fir Stroum ze produzéiere vun engem gewësse Präis u subventionéiert gëtt.

Dee Modell sollt een elo seriö analyséieren, seet de Claude Turmes.

"Do sinn nach ganz vill Froen, mee alles, wat mer elo kënne maachen, fir déi Stroumpräisser erofzekréien, sollte mer elo maachen, an dozou gehéiert de spuenesche Modell."

Déi Froe kënne geléist ginn, et misst elo eben um techneschen Niveau dru geschafft ginn, war gëscht iwwerdeems déi franséisch Ministesch fir d'Energietansitioun, d'Agnès Pannier-Runacher iwwerzeegt.

Frankräich setzt sech am Contraire zu Däitschland fir dee Modell an, e géif op EU-Niveau funktionéieren, allerdéngs misst dann all Land en och aféieren.

Show-Down Enn November

De 24. November gëtt virun op enger Spezialreunioun vun den Energieministeren diskutéiert.

Et huet ee gëscht och eng Hoffnung erausgespiert: Déi datt eleng iwwer Mesurë schwätzen, d'Präisser no ënnen dréckt.

Déi niddereg Präisser wieren och ee Succès vun der Politik an de leschte Méint, hu Verschiddener betount. Allerdéngs huet do dat aussergewéinlech waarmt Wierder gehollef - an dat dierft sech geschwënn nees änneren.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

EU
ENERGIE-KRIS

D'EU-Staats- a Regierungscheffe si sech iwwer ee Pak vu Mesuren eens ginn, déi géint d'Hausse vun de Präisser wierke sollen. Datt een Accord um Dësch louch, läit och dorun, datt fir jiddwereen eppes dran ass.

Charles Michel, Olaf Scholz
EU-SOMMET

Nom EU-Sommet wëllt d'EU zesumme Gas akafen, en neien Index fir de Präis vum Gas ausrechnen, a verschidde Mechanisme fir Präislimitten aféieren. De Ball läit lo bei der Kommissioun an den Energieministeren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen