Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gast Gibéryen: "Déi aner Säit vum Terrain muss besat ginn"

ADR

Gast Gibéryen: "Déi aner Säit vum Terrain muss besat ginn"

Säi 70. Gebuertsdag wier just ee Grond, firwat hien decidéiert hätt, sech elo aus der nationaler Politik zréck ze zéien, seet de Gast Gibéryen. Déi aner Ursaach wier den Zäitpunkt, dräi Joer virun de Wahlen. Dat géif et dem Fernand Kartheiser erméiglechen, sech als zukünfteg Haapt-Stëmm vum Chamber-Grupp ze etabléieren, a sengem Nofollger Fred Keup et erlaben, sech am Parlament zurecht ze fannen a seng Bekanntheet ze steigeren. De Gast Gibéryen hält muer eng leschte Kéier Plaz am Chamberplenum, no der Ried vum Premier zur Lag vun der Natioun ass no 31 Joer Schluss fir den déngschteelsten Deputéierten.

auto_stories

2 min

De Gast Gibéryen zielt drop, datt de Fernand Kartheiser (als zukünfteg Haapt-Stëmm vun der Partei) a Fred Keup (als neien Deputéierten) et fäerdeg brengen, bis d'Wahle vun 2023 hire Bekanntheets-Grad esou wäit auszebauen, datt si déi 18.000 Stëmmen, déi hien 2018 krut, opfänke kënnen, sou de Gast Gibéryen. Hien ass awer der Meenung, datt och nieft de Persounen, d'Parteiprogrammer erëm méi an de Mëttelpunkt misste geréckelt ginn.

"Virun allem well mer gesinn, dass déi meescht Parteie méi no lenks réckelen, sou dass op där anerer Säit en Terrain muss besat ginn, deen eis Partei ka besetzen. A wa mer deen ordentlech besetzen, seriö besetzen, mat gudden Iddien a guddem Programm, sinn ech der Meenung, dass een och iwwer de Programm ka vill Leit eriwwerzéien."

"Kee Rietsextremen"

De Fred Keup wier iwwregens weder riets nach rietsextrem, sou de Gast Gibéryen.

"Also wann ech gemierkt hätt, dass de Fred Keup esou Naupen hätt, also e Rietsextreme wier - déi iwwregens ni an eiser Partei toleréiert si ginn, an och an Zukunft net wäerten toleréiert ginn - dann hätt ech him net Plaz gemaach, dat ass ganz kloer."

Mat ganz vill Emotioun huet de Gast Gibéryen gëscht um Kongress vun der ADR reagéiert, wéi hie vun senger Partei Merci gesot krut. Mar ass jo seng lescht Chamberssëtzung, duerno verléisst hien no 31 Joer d'Bün vun der nationaler Politik. Bei der Verabschiedung konnt de Gast Gibéryen d'Tréinen net zréckhalen.