Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gast Gibéryen riskéiert ugeklot ze ginn

Illegal Srel-Ecoute

Gast Gibéryen riskéiert ugeklot ze ginn

An der Affär ëm eng illegal Ecoute zejoert am Geheimdéngscht hätt de Gast Gibéryen Informatiounen net un de Parquet weiderginn. Den Untersuchungsriichter Ernest Nilles huet den Oppositiounspolitiker schonn am Februar en vue vun enger Inculpatioun convoquéiert, esou de Gast Gibéryen am 100,7-Interview. Wéinst engem Krankeschäi vum Affekot ass de Rendez-vous an den Hierscht reportéiert ginn.

auto_stories

3 min

De Gast Gibéryen kritt virgeheit vun der Ecoute gewosst ze hunn, ouni d'Justiz informéiert ze hunn. Weider kritt hien d'Weiderverbreede vun Informatioune ronderëm d'Ecoute reprochéiert. De Gast Gibéryen weist sech "iwwerrascht": Et géif hie wonneren, datt grad hie soll inculpéiert ginn.

D'Srel-Direktesch Doris Woltz, de Premier Xavier Bettel an d'parlamentaresch Srel-Kontrollkommissioun hätte vun dëser Ecoute gewosst an d'Justiz eréischt dann informéiert, nodeems d'Tageblatt d'Ecoute den 18. Mäerz 2017 ëffentlech gemaach hat. De Gast Gibéryen seet, datt si dat hätte missten direkt maachen, an net eréischt no der Publikatioun vum Tageblatt-Artikel.

Parlamentaresch Immunitéit

D'Deputéiert hätten zwar kee formelle Quelleschutz wéi Journalisten, mee si hätten eng parlamentaresch Immunitéit. De Gast Gibéryen seet, datt de Parquet wuel net beim Tageblatt no de Journalisten hirer Quell nogefrot hätt a gesäit och net an, datt hien als Deputéierte misst seng Quellen opleeën.

Weider seet den Oppositiounsdeputéierten, hie géif d'Saach "relativ roueg" ugoen, mee et wier eng Prinzipiesaach: Wann en Deputéierte seng Sourcë misst ëffentlech maachen, kéint e Parlament net méi fonctionnéieren. Aner Deputéiert hätten him am Gespréich dës Meenung gedeelt: d'Parlamentarier kéinten dann näischt méi maachen.

Huet e Srel-Mataarbechter géint Beruffsgeheimnis verstouss?

De Gast Gibéryen mengt, datt et der Justiz haaptsächlech drëms géif goe fir erauszefannen, ob Mataarbechter vum Geheimdéngscht géint hiert Beruffsgeheimnis verstouss hunn a wa jo, wien dat war. Et wier awer säi Recht net ze soen, vu wiem hien déi Informatioun kritt hätt, seet de Gast Gibéryen, an et wier deemno "gelungen", wann en Deputéierte géif ugeklot ginn, wann hie seng Quellen net géif uginn.

Véier Joer no der Srel-Affär hat d'Tageblatt den 18. Mäerz 2017 gemellt, datt de Geheimdéngscht eng Persoun méi laang wéi autoriséiert ofgelauschtert huet. D'Srel-Direktioun, d'Regierung, d'Kontrollkommissioun an de Gast Gibéryen haten déi Informatioun op d'mannst eng Woch éier d'Tageblatt se ëffentlech gemaach huet. Keen huet d'Justiz informéiert. De Parquet huet eréischt no ëffentlechem Drock eng Instruktioun opgemaach. Wéinst engem Krankeschäi vum Affekot ass de Rendez-vous vun der Inculpatioun vum Gast Gibéryen an den Hierscht reportéiert ginn. E geneeën Datum gëtt et awer nach net.


De Jean-Claude Franck am Panorama, den 31. Juli um 7 Auer:

Lauschterenplay_arrow