Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gaston Reinesch: Digitalen Euro kéint 2026 prett sinn

Finanzen

Gaston Reinesch: Digitalen Euro kéint 2026 prett sinn

De Conseil vun der Europäescher Zentralbank huet virun aacht Deeg d'Decisioun geholl, de Projet vum digitalen Euro virun ze dreiwen. Ier et an d'Phas vun der konkreter Ëmsetzung geet, sollen an den nächsten zwee Joer nach eng ganz Rei Froe gekläert ginn. Zum Beispill déi, a wéi enger Form deen digitalen Euro de Leit soll zur Verfügung gestallt ginn, seet de President vun der Lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch.

auto_stories

2 min

De Gaston Reinesch ass de President vun der Lëtzebuerger Zentralbank

Eng méiglech Optioun fir an Zukunft esou ze bezuelen, wier iwwer digital Euro-Billjeten um Smartphone. An déi Billjete kéint een da vun engem elektronesche Portefeuille an een aneren transferéieren. "Mee hannendru muss natierlech och e Kont iergendwou sinn vun deem dee Smartphone alimentéiert gëtt", sou de Gaston Reinesch.

Et wäert also mëttelfristeg méiglech sinn, Zentralbank-Geld wéi bis elo a Schäiner a Mënzen an der Täsach, mee zousätzlech och an digitaler Form am Wallet um Smartphone ze hunn. De President vun der Lëtzebuerger Zentralbank erkläert, datt een Zentralbankgeld a Bankegeld zwou verschidde Saache sinn.

"Bankegeld ass eng Schold vun enger privater Bank. Zentralbankgeld ass eng Schold vun der Zentralbank. Eng Zentralbank ass ëmmer liquide, kann net insolvent ginn a kann nie faillite maachen. De Bierger muss jo keen Zentralbankgeld huelen, mee et ass eis Obligatioun him et och ënner enger digitaler Form zur Verfügung ze stellen. Mir gi jo an eng digital Welt."

Logementspräisser solle mat an d'Berechnung vum Präisindex fléissen

Dat nei-formuléiert Inflatiouns-Zil vun der Europäescher Zentralbank (EZB) wäert an der Praxis net vill änneren, sou de President vun der Lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch am 100,7-Interview. Bis elo gouf fir d'Euro-Zon en Inflatiouns-Taux ugestrieft, deen "no un zwee Prozent, mee ënner zwee Prozent" géif leien. Elo gëtt vun zwee Prozent als mëttelfristegt Zil geschwat, an et wier och net schlëmm, wann et emol kuerz liicht driwwer geet. Dem Gaston Reinesch no hätt déi nei Formulatioun de Virdeel, datt et keng Interpretatiounsschwieregkeete méi gëtt, wat z.B. "no un zwee Prozent" bedeit. Nei gëtt och, datt de Logement anescht am europäesche Präisindex wäert consideréiert ginn. Nieft de Loyere soll do à terme och op de Käschtepunkt vum Wunnen am eegenen Haus gekuckt ginn.

"Wat dann och herno an der Praxis wäert heeschen, datt am europäesche Präissindex an och an den nationale Präisindexer, déi an den europäesche Präisindex eraginn, d'Käschte vum Wunnen natierlech méi staark ponderéiert ginn, also méi Wichtegkeet kréien. A wann dann och d'Präiser vum Wunne méi schnell eropginn wéi déi aner, wäert dat natierlech och en Impakt op d'Inflatioun hunn."

De STATEC huet rezent eng Simulatioun gemaach, an dobäi festgestallt, datt den Inflatiounstaux (an der Moyenne vun de Joren 2011 bis 2020) 0,4 Prozent méi héich geleeën hätt, wann dee Facteur vum Wunnen am eegenen Haus scho mat aberechent gi wier.