Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gaston Reinesch: "Mir wäerten d'Zwee-Prozent-Zil errechen"

BCL-President

Gaston Reinesch: "Mir wäerten d'Zwee-Prozent-Zil errechen"

Wéinst dem Resultat vun der Analys vun der ekonomescher Situatioun an der Eurozon huet déi Europäesch Zentralbank decidéiert, den Opkaf-Programm fir Obligatiounen ze reduzéieren, sou de President vun der Lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch.

auto_stories

3 min

Gaston Reinesch, President vun der Lëtzebuerger Zentralbank

Et geséich een, datt et eng relativ staark an zolidd Reprise gëtt, och duerch d'EZB-Politik aus de leschte Joren, seet de Gaston Reinesch, Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank. Allerdéngs wier et nach ëmmer eng fragil Situatioun.

Den EZB-Opkaf-Programm fir Obligatiounen gëtt bis op d'mannst September 2018 verlängert: Vu Januar u stinn dofir nach 30 Milliarden Euro de Mount zur Verfügung. Dat gouf en Donneschdeg zu Frankfurt entscheet. Bis Enn 2017 sinn et nach 60 Milliarden de Mount.

De Leetzëns an der Eurozon bleift onverännert. Dësen Taux wäert eréischt eng gewëssen Zäit nom Stopp vum Opkafprogramm erop goen, confirméiert de Gaston Reinesch.

Haaptzil vun der EZB net erreecht

D'Haaptzil vun der EZB vun enger Inflatioun vu liicht ënner zwee Prozent an der Euro-Zon wier nach net erreecht ginn. E Stopp vum Opkaf-Programm am Dezember wier dowéinst een ze abrupte Mouvement gewiescht, deen d'Marchéen an déi gutt Konjunktur hätt kënnen duerchernee bréngen. Wann et néideg wier, da wier d'EZB prett fir d'Mesuren nach eng Kéier ze verstäerken, sou de Gaston Reinesch. "Mir wäerten d'Zwee-Prozent-Ziel erreechen a mir sinn och der Meenung, datt dëst Ziel dat Richtegt fir d'Eurozon ass".

D'Entwécklung vun de Léin hätt e staarken Afloss op d'Inflatioun: Eng Augmentatioun vun den nominale Léin global an der Eurozon géif d'EZB net stéieren, seet de Gaston Reinesch.

Immobilie-Marché: "nach kee systemesche Risiko"

D'Präisser um Immobilie-Marché zu Lëtzebuerg, déi zënter iwwer 20 Joer klammen, brénge fir d'Ekonomie a fir d'Bierger ganz vill Problemer mat sech, esou de Gaston Reinesch. Et géif awer nëmme mat e puer Joer Retard dorop reagéiert ginn. Et misst op der Säit vun der Offer reagéiert ginn, fir d'Präisser ze bremsen. D'Demande um Immobilie-Marché kéint nëmme schwéier gesteiert ginn.

E systemesche Risiko géif dëse Marché fir de Moment nach net duerstellen, seet de President vun der Lëtzebuerger Zentralbank. Mee op europäeschem Niveau géifen Diskussiounen iwwert d'Situatioun gefouert ginn. Dobäi geet et ëm de Risiko fir d'Banken an ëm d'Verschëldung vun de Menagen. Et géif also ëm d'Finanzstabilitéit goen.

Gebrauch vum 500 Euro Schäin gëtt reduzéiert

Vun Enn 2018 u solle keng 500 Euro Schäiner méi produzéiert an erausgi ginn: Dat war am Mee 2016 vun der Europäescher Zentralbank ugekënnegt ginn. Dëse Produktiounsstopp sollt awer keen Ufank vum Enn vum Boergeld sinn, hat et deemools geheescht.

D'Haaptargument fir dëse Schrack wier gewiescht, datt de Schäin vu 500 Euro ganz vill a kriminellen Aktivitéite gebraucht géif ginn, esou de Gaston Reinesch. Dowéinst soll d'Utilisatioun dovu reduzéiert ginn. Fir d'Lëtzebuerger Zentralbank wier d'Entscheedung nëmmen eng "logistesch Geschicht". Och fir d'Finanzplaz Lëtzebuerg wier dat kee Problem.