Radioen

On air

Tockcity  |  Justice & Miguel - Saturnine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gebraddels a Gefisems - Wat sinn déi Ge-s-Wierder?

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Gebraddels a Gefisems - Wat sinn déi Ge-s-Wierder?

D'Caroline Döhmer schaft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch a kuckt sech haut Wuertbildunge mat Ge-s un, wéi zum Beispill "Gebraddels". Wéi kann een hei d'Systematik vun dësen Zesummesetzungen erkennen?

auto_stories

4 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Caroline Döhmer: Startpunkt ass d'Wuert "Gebraddels". Vun der Wuertbildung hier kann ech emol de Stamm "braddel" erkennen, dee sech op d'Verb "braddelen" bezitt. An da bleiwen nach de Ge- an den -s iwwereg, a well ech dovun ausginn, datt déi ronderëm de Verbstamm "braddel" ugepecht ginn, ass dat en Zirkumfix.

Simon Larosche: En Zirkumfix, well et ronderëm geet?

Jo, et ass eng Kombinatioun vun engem Prefix an engem Suffix, déi quasi zäitgläich drugehaange ginn.

An elo kucke mer eis un, wat hei inhaltlech geschitt. Also mäi Verb seet mer, datt eppes geschitt, wat eng bestëmmten Dauer huet, also kontinuéierlech ass: braddelen. Et gëtt laang iwwer eppes geschwat, ouni konkreeten Inhalt, meeschtens och bëssen ofwäertend gemengt. Et ass iergendwéi d'Gesamtheet vun enger bestëmmter Braddelaktivitéit. A wann een de ganzen Dag braddelt, dann héieren ech de ganzen Dag säin ...

Gebraddels.

Richteg. A schonn hu mer eng schéi Ge-s-Wuertbildung, déi och bëssen eng Bewäertung ass. Also ech wëll däitlech maachen, datt dat Braddelen e bëssen ustrengend ass a permanent ronderëm mech ass. Bon, hei ass d'Verb lo och bëssi negativ. Bei anere Wierder kann dësen negativen Aspekt méi oder manner ausgepräägt sinn, jee nodeem vu wéi engem Verb ech ausginn.

Also, kuck emol d'Form "Gefisems". Hei hu mer e Wiederverb wéi "fisemen", aus deem "Gefisems" gëtt. Oder aus "afen" gëtt "Geaafs", aus "knouteren" gëtt "Geknouters".

An de Ge-s-Zirkumfix weist, datt eppes länger dauert an ënner Ëmstänn och als ustrengend oder nerveg empfonnt gëtt. Et geet ëmmer weider, et gëtt vill gebraddelt, geaaft oder geknoutert.

Kann ech dat da mat all Verb maachen?

Nee, net ëmmer. De Ge-s ass bëssi selektiv. Also wéi ech scho gesot hat, brauche mer als éischt emol e Verb, dat eppes Kontinuéierleches beschreift wéi "jäizen", "schleefen", "kniwwelen" oder "réckelen". Am beschten och eppes mat engem Geräisch oder eppes, wat soss iergendwéi mat de Sënner kann erfaasst ginn: Ech muss gesinn, héieren oder spieren, datt eppes geschitt. Well meng Ge-s-Bildung ass eppes, wourop ech meng Opmierksamkeet lenken, eppes, wat mer opfält, well et permanent gemaach gëtt: Gejäiz, Geschleefs, Gekniwwels, Geréckels.

Also beim "Gejäiz" ass et de Geräischpeegel, dee mech stéiert, an dat Geräisch ass iergendwéi iwwer länger Zäit do. Ech géif lo net vum "Gejäiz" schwätzen, wann ee mat der klenger Zéif un enger Kant hänke bleift. Dat muss scho méi laang sinn: bei engem Sträit oder wann allgemeng Onrou herrscht.

An dann hu mer nach eng Rei Ge-s-Wuertbildungen, déi lexikaliséiert sinn.

Wat heescht dat?

Wa Wuertbildungen ëmmer nees gebraucht ginn, zu enger fester Bezeechnung ginn an deelweis och eng nei Bedeitung kréien, da schwätzt een an der Linguistik vu Lexikaliséierung. Dat Wuert ass quasi an de Lexikon iwwergaang.

Also huele mer mol d'Verb "drénken". Hei kann ech elo och eng Ge-s-Form maachen, déi da wéi ass?

Gedrénks.

An dat heescht an dësem Fall net, datt een elo laang drénkt oder ech dat ustrengend fannen. Hei gesi mer eng aner Funktioun, eng eeler Funktioun vum Zirkumfix Ge-s, anzwar déi vun der Kollektivbildung. Hei gëtt eng Gesamtheet ugeschwat. Et ass d'Gesamtheet vun deem, wat een drénke kann, "Gedrénks" eeben. An dat huet hei och keng negativ Konnotatioun. Oder "Gefligel" ass alles dat, wat mer iessen, wat Flilleken huet.

Mee hei ass jo da kee Verb méi?

Gutt opgepasst! Wann ech elo ufänken, an eisen Textsammlungen no Ge-s-Bildungen ze sichen, da fannen ech och Fäll, wou ech kee Verb als Basis hunn, mee e Substantiv, wéi bei "Gebichers". Hei ass kee Verb "bicheren", mee de Pluriel vum Substantiv "Buch".

Hei steet den negativen Aspekt vun der Wuertbildung am Fokus a manner, datt et laang dauert, wéi dat bei de Verben de Fall war: Dat Gebichers = déi vill Bicher.

Intressant ass och, datt dës Fäll éischter op eppes hiweisen, wat nerveg an oniwwersiichtlech ass oder iwwer dat permanent geschwat gëtt oder mech dauerhaft stéiert: Gebichers, Gedossiers, Geprozeduers, Gefacebooks. Dat sinn alles meeschtens "Spontanbildungen", also Wierder, déi ech net géif am Dictionnaire fannen, déi der Sprooch awer méi Ausdrock ginn, well se sou expressiv, also flott a sou lieweg sinn.