Radioen

On air

Resonanzen  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gebrauch vu Subside méi staark kontrolléieren

Lëtzebuerger Fussball

Gebrauch vu Subside méi staark kontrolléieren

Et ass eng Première am Lëtzebuerger Fussball: Fir d'éischt an der Geschicht vun der FLF setzt elo eng Fra am Verwaltungsrot vun der Federatioun. D'Carine Nardecchia, Presidentin vun der Luna Uewerkuer, ass um leschten FLF-Kongress den 20. Oktober vun den Delegéierten an de CA gewielt ginn. Si wëllt sech ënner anerem fir eng besser Promotioun vum Dammefussball staark maachen a si wëllt dofir suergen, datt finanziell Jugendhëllefe fir d'Veräiner och wierklech der Jugendaarbecht zegutt kommen.

auto_stories

2 min

Si hätt scho virun zwee Joer Signaler aus dem Verwaltungsrot vun der FLF kritt gehat, datt eng Fra an deem ieweschte Gremium vum Lëtzebuerger Fussball erwënscht wier, seet d'Carine Nardecchia, déi et viru knapp zwou Wochen als éischt Damm an dee CA gepackt huet.

2016 hat si dofir schonn eemol Kéier kandidéiert, deemools ouni Succès. Dëst Joer huet si en zweeten Ulaf geholl. Si hätt et awer sécher keng drëtte Kéier probéiert, seet d'Carine Nardecchia.

Si hätt e Bréif un d'Veräiner geschéckt gehat, fir sech an hir Ziler virzestellen, déi si iwwer déi nächst véier Joer erreeche wéilt.

A Fussballsfederatiounen am Ausland wiere scho méi laang och Fraen am Verwaltungsrot. "Et war jo just bei eis an där grousser Fussball-Federatioun, wou eng Damm gefeelt huet", sou d'Carine Nardecchia.

Prioritéiten: Dammefussball a Jugendaarbecht

D'Presidentin vum FC Luna Uewerkuer wëllt sech am Verwaltungsrot ënner anerem fir eng besser Promotioun vum Dammefussball staark maachen. Si plädéiert och fir méi eng gewëssenhaft Kontroll, datt d'Veräiner de qualité plus-Subsid vum Sportsministère och wierklech an dat stiechen, fir wat e geduecht ass: nämlech an d'Jugendaarbecht.

Si kéint sech "eng Aart Beleeungs-System" virstellen, seet d'Carine Nardecchia. "Well ech fannen: wann ee kleng ass, an et huet een eng gutt Basis, dann ass dat wéi bei engem Haus: Eng gutt Basis, da kann een dorop gutt bauen."

Si wéilt kengem Veräin ënnerstellen, déi Suen net richteg anzesetzen, d'Majoritéit géif dat sécher gewëssenhaft maachen. "Mee ëmgedréint denken ech, datt et op verschiddene Plazen och net esou ass", seet d'Carine Nardecchia, déi och Presidentin vun engem klenge Club ass, vun der Luna Uewerkuer. E Veräin, deen 1932 vu Biergleit gegrënnt gouf.

D'Mineure souzen op enger Cafés-Trap a wollten e Veräi grënnen. A si woussten net sou richteg, wéi si e sollten nennen. An et ware vill Italiener ënner hinnen. Si souzen do, wéi iergendwann ee vun hinne gesot: Hei kuck emol, et ass Vollmound. Firwat soe mir net einfach: la Luna? An esou war den FC Luna Uewerkuer gebuer.